Am Süde vu Spuenien sinn e Sonndeg dräi Männer ëm d’Liewe komm, nodeems et plazeweis an der Regioun Malaga 12 Stonnen um Stéck staark gereent huet. Bei Alhaurin el Grande ass een 20 Joer ale Mann dem Waasser zum Affer gefall, wéi hie mat sengem Motorrad iwwert eng Bréck fuere wollt. E Méindeg de Moie gouf hie vun de Rettungsekippe fonnt, dat dräi Kilometer vun der Plaz fort, wou hie matgerappt gouf. D’Läich vun engem weidere Mann war schonn e Sonndeg fonnt ginn, nodeems och dëse mat senger Camionnette matgerappt gouf. D’Läich vun engem weidere Passagéier, deen hei och am Gefier souz, gouf e puer Stonnen drop och fonnt.
E Stéck méi ëstlech war et a Spuenien an der Stad Murcia dann nieft dem ville Reen och e Stuerm ginn, duerch deen et zu materiellem Schued komm ass. An engem Video ass ee Wierbelstuerm ze gesinn, deen iwwert den Hafe vun der Stad zitt.