La Plagne a ValloireZwee Schifuerer no Lawinen a Frankräich ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
An de franséischen Alpen sinn e Freideg no Lawinen direkt zwee Schifuerer ëm d'Liewe komm. D'Gebitter zu La Plagne a Valloire sinn u sech als relativ risikoaarm bekannt.
Symbolfoto.
Symbolfoto.
© PHILIPPE ROYER/Only France via AFP

Am Schigebitt La Plagne huet eng Lawin op 2.500 Meter ee Grupp matgerappt, deen nieft der Pist ënnerwee war. De 60 Joer ale Guide vum Grupp hätt dobäi en Häerz-Kreeslaf-Stëllstand erlidden a wier kuerz duerno am Spidol gestuerwen, wéi franséisch Medie mellen. E puer weider Persoune goufe blesséiert, eng Fra huet misse mam Helikopter an d’Spidol.

Eng weider Lawin ass zu Valloire erofgaangen. Hei goufe véier Schifuerer matgerappt, déi op 2.300 Meter ënnerwee waren. Ee vun hinnen huet d’Ongléck net iwwerlieft. Och hien ass no engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand gestuerwen.

A béide Fäll huet de Parquet Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO