Däitsch Police melltZwou Persounen an engem Bistro zu Raunheim an Hessen erschoss, Täter op der Flucht

RTL mat AFP
No enger déidlecher Schéisserei an engem Bistro am däitsche Bundesland Hessen, bei där zwou Persounen ëm d'Liewe koumen, sicht d'Police nom flüchtegen Täter.
Symbolbild.
© MIKE SEEBOTH/dpa Picture-Alliance via AFP

An engem Bistro zu Raunheim an Hessen huet en arméierte Mann an der Nuecht op en Dënschdeg zwee Mënschen erschoss. De flüchtegen Täter soll géint 3:45 Auer an d’Etablissement erakomm sinn a Schëss ofginn hunn, wéi d’Police zu Darmstadt matgedeelt huet.

Déi zwee Affer sinn der Police no nach op der Plaz gestuerwen, nom Täter gëtt aktuell nach gesicht.

De Beräich ronderëm den Tatort gouf groussraimeg ofgespaart. Weider Informatioune kéint een den Ament nach net publizéieren, esou d’Police weider.

Back to Top
CIM LOGO