All Joer ginn zu Lëtzebuerg eng 3.400 nei Fäll vu Kriibs diagnostizéiert. Dausende Mënschen am Land liewe mat Kriibs. Hëllefen d’Qualitéit vun der Kriibsbehandlung am Land ze verbesseren an datt all Patient eng equitabel Prise en charge kritt. Dat ass eng vun den Haaptmissioune vum INC, dem nationale Kriibs-Institut. An dozou hätt den Institut och bäigedroen, seet de President Dr. Guy Berchem.
Den INC ënnerstëtzt an incitéiert Onkologie-Servicer fir international Zertifikatiounen ze kréien. An deem Fall ënnerläit de Service den aktuellste Standarden an der Kriibsbehandlung. Et géing hei ëm Qualitéitskrittäre bei den Operatiounen oder der Stralentherapie, awer och den Delaien tëscht Rendez-vousen an Ënnersichungen. Erkläert den Dr. Patrick Krombach, Coordinateur vum Prostata-Karzinom-Zenter um Kierchbierg, dee vun der Däitscher Kriibsgesellschaft zertifiéiert ass. Den LNS an de Centre Baclesse fir d’Stralentherapie géifen och hiren Deel zur Zertifizéierung bäidroen, ënnersträicht den Onkolog.
D’Broschtklinik vum CHL huet mat Onkozert eng vergläichbar Zertifikatioun. Aner Onkologie-Servicer am Land schaffen drun, fir der ze kréien. An den INC ass amgaangen, fir de Longekriibs eng national Zertifizéierung ze facilitéieren, fir all déi betraffe Servicer am Land.
Dernieft huet de Kriibs-Institut an de leschte Joren eng Rei Referentielle publizéiert mat Richtlinne fir d’Behandlung. Grad wéi iwwer dem Kriibspatient säi Parcours. Wéini wéi eng zousätzlech Soinen a Begleedung ubruecht sinn. Am Fall vu méi rarem Kriibs, wéi dem Sarkom an der Schank zum Beispill, organiséiert den INC pluridisziplinär Reunioune mat internationalen Experte fir ze kucken, wéi d’Behandlung soll ausgesinn. Bei Sarkome wieren dacks Operatiounen am Ausland néideg.
D’Qualitéit vun der Kriibsbehandlung zu Lëtzebuerg wär am Verglach mam Ausland gläichwäerteg, seet den Dokter Guy Berchem. An esou engem klenge Land wéi Lëtzebuerg wär et ganz wichteg, dofir ze suergen, datt all Onkolog Zougang zum selwechte Wëssensstand hätten, fir datt d’Patienten, egal a wéi engem Deel vum Land se an d’Klinik ginn, eng selwecht gutt Prise en charge kréichen.