
Zu Rued-Sir hunn e Freideg den Owend Jonker um Terrain vun der Schoul Knupperten ugefaangen. D'Police huet op der Plaz nieft de Knupperten och en illegaalt Messer beschlagnaamt an déi Jonk goufe protokolléiert.
Kuerz no 21:00 Auer Auer koum et dann zu Holzem zu enger Ausenanersetzung tëscht engem Taxischauffer an engem Client, déi sech wéi et schéngt net iwwert de Präis vun der Faart eens waren. Den alkoholiséierte Client huet probéiert, de Chauffer ze beklauen. Hie koum um Enn mam Policeauto an d'Ausniichterungszell, well e sech och vun de Beamten net berouege gelooss huet.
An der Nuecht op e Samschdeg krut d'Police am Ganzen iwwer 40 Fäll vun ë.a. Stéierunge vun der Nuetsrou a Streidereie gemellt. An de meeschte Fäll hat sech d'Situatioun beim Antreffe vun der Police schonn nees berouegt respektiv konnt op der Plaz gekläert ginn.