Background am Gespréich mat 4 EU-DeputéiertenOch an der EU geet "méi mat manner" net

Pierre Jans
E Samschdeg ware véier Lëtzebuerger Europadeputéierten eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Background am Gespréich (31. Oktober 2026)
E Samschdeg ware véier Europadeputéierten eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Si mer um Enn vun engem System ukomm, wann ee gesäit, wat alles op der Welt sou lass ass? Wou kommen d'Suerge vun de Jonken an doriwwer eraus hier? Mat där grousser Fro huet d'Emissioun "Background am Gespréich" e Samschdeg mat 4 EU-Deputéierten ugefaangen, déi alleguer Versteesdemech fir de Jonken hir Suerge gewisen hunn a sech iwwer d'Parteigrenzen eraus fir méi budgetär Moyene fir d'Europäesch Unioun ausgeschwat hunn.

Background am Gespréich vum 31. Oktober 2026

Grousst Versteesdemech fir Protestbeweegungen

D'Tilly Metz vun deene Grénge sot, et wier un Europa am nächste Budget fir déi richteg Prioritéiten ze suergen, fir kënnen eng Politik ze maachen, déi fir méi sozial Kohäsioun suerge kann. Als Äntwert op hir Suergen.

E generelle Plädoyer fir méi en héijen EU-Budget

De Protest misst e Weckruf sinn, datt Europa déi eenzeg Léisung ka sinn, sot den LSAP-Deputéierte Marc Angel. D'Äntwert misst méi Europa sinn a méi Suen och am Budget. E klore Message un d'Staats- a Regierungscheffen, déi anescht wéi d'Europaparlament op der Brems stinn. Fir de Sozialist ass awer kloer: Et kann een net méi mat manner maachen.

Datt d'Leit Zukunftsängscht hunn no 80 Joer Fridden, kann de Charel Goerens vun der DP nëmme verstoen. Déi lescht 80 Woche mam Donald Trump wieren nëmmen Diktat gewiescht. Derbäi kéim, datt an de leschten 80 Joer d'Politik ëmmer aus der Mëtt raus gefouert gouf. Dat wier och elo a Fro gestallt, wéi een et aktuell zum Beispill géif a Frankräich a souguer och am Europaparlament selwer gesinn.

D'Politik dierf de Kapp net an de Sand stiechen, mä muss Perspektive schafe fir déi Jonk, huet d'CSV-Deputéiert Martine Kemp ageklot. An an engems duerfir plädéiert, et misst een als EU-Politiker och éierlech si mat de Leit a soen, wou d'Europäesch Unioun iwwerhaapt eng Handhab huet oder net.

Déi gréng Tilly Metz gesäit dat anescht. D'EU hätt duerchaus eng Schlagkraaft, wa se da wëll. Zum Beispill fir Standarden ze setzen, wéi se et konkreet bei AirBnB gemaach huet.

D'Oppositiounspolitikerin huet och méi Kohärenz an der europäescher Politik gefuerdert. En Oplackere vum Verbrenner-Aus wier e fataalt Zeeche fir d'Industrie. Bei deem Sujet gëtt et keng Unanimitéit tëscht de Lëtzebuerger Europadeputéierten. D'CSV-Vertriederin Martine Kemp huet betount, de méi flexibelen Accord wier duerch eng breet Majoritéit am Parlament entstanen.

Wéi kommentéiert d'Lëtzebuerger Europadeputéiert dem Xavier Bettel seng aussepolitesch Deklaratioun?

Dës Woch war dann déi aussepolitesch Deklaratioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel um Krautmaart. Am Background hunn d'Majoritéitsdeputéierten zu Stroossbuerg d'Wierder vum Vizepremier verdeedegt. Datt a sou Rieden och den Handel eng wichteg Roll spillt, wier kloer, sou d'Martine Kemp vun der CSV. Well wann d'Ekonomie net funktionéiert, dann hu mer Problemer, huet de Charel Goerens komplettéiert. Dat misst jo awer vu jidderengem akzeptéiert ginn. D'Vertrieder vun der LSAP an deene Gréngen hätte sech vum Xavier Bettel dogéint méi e kloert Bekenntnis fir d'Mënscherechter ënnert anerem gewënscht.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken.

Back to Top
CIM LOGO