
Zu engem éischten Accident koum et kuerz no 19 Auer e Samschdeg an der Nouspelter Strooss zu Gëtzen. Hei war een Auto an e Bam gerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Um Asaz waren d’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vum Zenter Stengefort-Käerch.
Géint 19.29 Auer goufen d’Pompjeeë vun Diddeleng geruff, well eng Heck an der Beetebuerger Strooss zu Diddeleng brenne géing. Wéi sech erausgestallt huet, war et awer just e Feelalarm.
E weideren Asaz fir d’Diddelenger Pompjeeë gouf et iwwerdeem géint 21.12 Auer, wéi op der N13 vu Fenneng a Richtung Beetebuerg en Auto an de Gruef gerode war. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulanciere vu Beetebuerg versuergt. Donieft waren och d’Pompjeeë vu Beetebuerg op der Plaz am Asaz. Wéi d’Police preziséiert, war de Chauffer an zwee Autoen, déi laanscht d’Strooss geparkt ware gerannt. Den Automobilist, dee liicht blesséiert gouf, hätt ze vill gedronk a Cannabis konsuméiert gehat. De Materialschued wier héich an de Chauffer huet de Permis missen ofginn.
Op der A13 a Richtung Schengen hat sech kuerz virun 21.30 Auer en Auto iwwerschloen. Och hei gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech d’Rettungsdéngschter vu Péiteng, Esch an dem Zenter SaDiff gekëmmert hunn.
Eng 25 Minutte méi spéit hat et dann nach an engem Auto zu Ettelbréck an der Rue Prince Henri gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. D’Pompjeeë vum Zenter Nordstad hunn d’Feier geläscht.
Géint 1.15 Auer ass op der N11 um Contournement Jonglënster e weideren Auto an de Gruef geroden. Och hei gouf keng Persoun zu Schued. D’Ekippe vu Jonglënster waren am Asaz.
Um 2.18 Auer koumen d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg nach emol an den Asaz. Dat zesumme mat de Pompjeeë vu Fréiseng. Op der A13 a Richtung Péiteng hat sech e weideren Auto iwwerschloen. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Zu Gilsdref an der Rue du Pont ass e puer Minutte méi spéit en Auto an e Bam gerannt. Hei goufen zwou Persoune verwonnt. De Samu vun Ettelbréck, zwou Ambulanze vum Zenter Nordstad an d’Pompjeeë vu Bettenduerf an dem Zenter Nordstad waren um Asaz.
Op der N16 vu Réimech a Richtung Elleng-Gare ass dann nach en Auto an e Gruef gefuer. An dësem Fall blouf et och beim Materialschued. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Réimech.