Zwee Iwwerfäll mat Gewalt an der StadDräi Leit zu Bouneweg an eng Persoun an der Millebaach festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Déi véier Persoune koumen nach en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter
© Laurent Weber

No enger Ausernanersetzung zu Bouneweg, bei där e Messer am Spill war, gouf eng Persoun schwéier blesséiert. Dräi Verdächteger goufe kuerz drop gefaasst, bei engem dovu goufen Droge fonnt. Si goufen op Uerder vun der Parquet festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

An der Millebaach gouf engem Affer seng Halskette gewaltsam geklaut. De Verdächtegen ass geflücht, konnt awer duerno gefaasst ginn. Hie gouf festgeholl an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter, d’Kette goung zréck un de Besëtzer.

Back to Top
CIM LOGO