An den USADäitsch Actrice Elke Sommer mat 85 Joer gestuerwen

Tom Nols
An hirem Haus zu Bel Air ass déi däitsch Actrice, déi zanter de 1960er Joren international bekannt war, verstuerwen.
D'Elke Sommer 1965 am Film "The Oscar".
D'Elke Sommer 1965 am Film "The Oscar".
© GREENE-ROUSE PRODUCTIONS/Collection ChristopheL via AFP

An den 1960er Jore war d'Elke Sommer duerch eng Rei Hollywood-Filmer international bekannt ginn an hat mat Leit wéi Paul Newman, Peter Sellers an Dean Martin gedréint. Si war dat personifizéiert "Fräulein-Wunder" a gläichzäiteg e Sexsymbol. Nëmme puer Deeg virun hirem 86. Gebuertsdag ass d'Actrice an hirem Haus zu Bel Air gestuerwen.

Réischt am Juli war der Elke Sommer hire Mann Wolf Walther verstuerwen. Virun engem Joer hat déi Däitsch an engem Interview gesot, dass Gott si huele soll, wann hire Mann si net méi bräicht. An hirer Karriär huet d'Sommer a ronn 100 Filmer matgespillt, war donieft am Theater an op der Tëlee aktiv, hat awer ni de ganz groussen Duerchbroch gepackt. Eng US-amerikanesch Zeitung hat fir si de Spëtznumm "Sauerkraut-Bardot" erfonnt. Eng weider grouss Leidenschaft war d'Molerei.

1940 war d'Elke Sommer zu Berlin als Elke Schletz op d'Welt komm, als eenzeg Duechter vun engem evangeelesche Paschtouer aus engem alen Adelsgeschlecht. Qua Gebuert war si also Baroness an 1942 an déi fränkesch Schwäiz komm, fir a Sécherheet opzewuessen. De Startschoss fir hir Karriär war duerch Zoufall an enger Vakanz an Italien gelongen, wéi si zu Viareggio e Schéinheetsconcours gewonnen an duerno eng Offer fir eng Filmroll kritt hat.

Back to Top
CIM LOGO