
Den Dag drop goufe se engem Untersuchungsriichter virgefouert.
Eng Persoun gouf an der Nuecht op en Donneschdeg no engem Abroch zu Esch festgeholl, wou e Safe geklaut gouf. Bei der Policekontroll goufe Sue bei him fonnt. Weider Ermëttlunge hunn hien och mat engem Abroch zu Schëffleng a Verbindung bruecht. Hien hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf och en Abroch an en Haus am Pafendall gemellt. Den Täter konnt kuerz derno festgeholl ginn, och hien hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.