Behandlungen am EU-Ausland gesäit een dann am digitalen Dossier respektiv en Dokter am Ausland huet Zougrëff op den nationalen Dossier, wéi eng Medikamenter de Patient zum Beispill hëlt oder, ob en op eppes allergesch ass. Lëtzebuerg ass amgaangen, d’Viraarbechten ze leeschten, fir d’Benotzen an den Austausch vun dësen europäeschen Donnéeën. D’Gesondheets- a Sécurité-Sociales-Ministesch Martine Deprez huet e Mëttwoch iwwer déi Lëtzebuerger digital Strategie informéiert.
Den nationale Patientendossier (DSP) gëtt iwwerschafft a soll méi strukturéiert souwéi méi einfach gi fir ze benotzen. Den DSP vun der neier Generatioun muss spéitstens fir 2029 fäerdeg sinn, mä mir schaffen drun, datt dat schonn éischter ass, huet d’Ministesch präziséiert.
Elo am Januar kënnt e weidere Schratt Richtung méi Digitaliséierung: den elektronesche Krankeschäin. Déi klassesch Papeierform wäert et weider ginn, mä wie wëll, ka geschwënn och den digitale Krankeschäin erareechen. An den nächste Jore soll déi elektronesch Ordonnance dobäikommen, also dat digitaalt Rezept fir an d’Apdikt.
Den Ament muss de Patient säin digitalen Dossier selwer aktivéieren. Beim Europäesche Patientendossier wäert ee mussen extra soen, wat net soll affichéiert ginn. Am Fall vun enger Urgence mussen awer d’Donnéeën europawäit disponibel sinn.
Op d’mannst 400 Milliounen Euro sinn aktuell fir déi europäesch Verflichtunge virgesinn, zum Beispill fir e gemeinsamen informatesche System fir d’Spideeler an den Extra-Hospitalier. Wéinst weideren europäeschen Obligatiounen dierft de Budget awer nach an d’Luucht goen.