
En Auto war e Samschdeg de Moie géint 4 Auer op der A3 a Richtung Frankräich tëscht dem Beetebuerger Kräiz an der Sortie Diddeleng engem Camion hannendrop gerannt. De Chauffer huet misse vum CGDIS aus sengem Gefier erausgeschnidde ginn. Hie koum mat liewensgeféierleche Blessuren an d’Klinik, wou hien an der Nuecht op en Dënschdeg gestuerwen ass.
Op der Plaz waren de CGDIS, de Samu a Ponts et chaussées.
E Samschdeg de Moie war och d’Police technique op der Plaz, fir déi genee Grënn vum Accident ze ermëttelen. Dowéinst war d’A3 vum Beetebuerger Kräiz un a Richtung Frankräich eng zwou Stonne laang fir den Trafic gespaart ginn.