
Wéi et aus dem 112-Bulletin ervir geet, huet et e Sonndeg géint 15.30 Auer op der Autobunn tëscht 3 Gefierer geknuppt. Véier Persoune goufe bei der Kollisioun blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Beetebuerg, Esch, Réiser an aus der Stad waren um Asaz.