
Eng Kollisioun tëscht 5 Autoen huet en Dënschdeg am Feierowendtrafic e gréisseren Asaz vun de Rettungsservicer mat sech bruecht. Op der A4 Richtung Stad, tëscht Lalleng a Féiz, hat et géint 17.10 Auer gerabbelt. Net manner wéi 4 Persoune goufe verwonnt. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vun Esch a Schëffleng, grad ewéi zwou Ambulanze vun Esch.
E Mëttwoch de Moie gouf eng Persoun verwonnt, wéi e Motocyclist mat senger Maschinn op der A13 Richtung Péiteng gefall ass, dat géint 7.40 Auer. Nieft de Rettungsservicer vun Diddeleng war och de Stater SAMU op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Pompjeeë vu Beetebuerg.