
"Mir lafen de Krise permanent hannendrun", sot den LSAP Deputéierten Yves Cruchten e Mëttwoch an der Chamber, wou d'Debatte waren nom Minister Bettel senger aussepolitescher Deklaratioun. Et bräicht een eng engagéiert Wirtschaftspolitik, huet den Yves Cruchten betount, mee Aussepolitik misst awer méi si wéi dat:
“An der Ried vu gëschter kënnt d'Wuert Wirtschaft iwwer 40 Mol vir, d'Wuert Mënscherechter zweemol an d'Wuert Demokratie eng Kéier. Natierlech moosst een eng Aussepolitik net un der Zuel vu Wierder an där Ried. Mee déi politesch Fro hannendrun ass awer berechtegt. Wat geschitt, wann eis wirtschaftlech Interessien an eis Prinzippien net an déi selwecht Richtung weisen.”
Souwuel déi Gréng, wéi och d’Piraten hu begréisst, datt de Xavier Bettel a senger Ried präziséiert huet, datt Lëtzebuerg op de Wee vun engem Verbuet vun Importer vu Produiten aus den illegale Siidlunge geet, obwuel et keng europäesch Majoritéit dofir gëtt. De Piraten-Deputéierten Sven Clement huet vun engem gudden a richtegen Zeechen geschwat:
“Mee e Verbuet ass just nach esou vill wäert wéi seng Kontroll a mir erwaarden, datt et ganz streng ëmgesat gëtt, mat klore Reegelen iwwert d'Hierkonft, mat Kontrollen an am Zweifel, léiwer eppes ze vill zréckzeweisen.“
De Sven Clement vun de Piraten huet iwwerdeems kritiséiert, datt den Ausseminister engersäits a senger Deklaratioun sot, an der Ukrain kéint eréischt gewielt ginn, soubal keng Bomme méi fléien, anersäits awer fir Walen a Palestina plädéiert. De Xavier Bettel huet dorop reagéiert a betount, datt Lëtzebuerg bereet wier, un enger EU-Walbeobachtungsmissioun a Palästina ze participéieren.