Dat tëschent den Arrête "Gare centrale" a "Scillas". D'Statioune "Leschte Steiwer" a "Lycée Bouneweg" ginn net befuer. Wéi mir op Nofro vu Luxtram gewuer gi sinn, wier et am fréie Mëttwochmoien zu engem technesche Probleem um Catenaire beim Arrêt "Leschte Steiwer" komm. Unhand vu Meldungen, déi mir vu User kruten, misst de Probleem op d'mannst zanter 6 Auer de Moie bestoen.
RTL-Informatiounen no wier eng vun den Uewerleitungen an der Nuecht deplacéiert ginn, wat dozou gefouert hätt, datt d'Stroumversuergung ënnerbrach gouf. Luxtram ass mat enger Ekipp op der Plaz fir den Problem ze reparéieren, ma wéi laang dat genee wäert daueren, kann nach net gesot ginn.
Tëschent den Arrête "Findel" a "Gare", a "Stadion a "Scillas" zirkuléiert den Tram weider normal. Weider Informatioune fannt Dir um Site vu mobilitéit.lu oder luxtram.lu.