Alters- a Fleegeheemer42 Residentë positiv getest, kee Betraffene schlëmm krank

RTL Lëtzebuerg
An den Alters- a Fleegeheemer huet d‘Covid-Situatioun sech staark berouegt, wat schwéier Verleef an Hospitalisatiounen ugeet.
Covid-Situatioun an Alters- a Fleegeheemer
Aktuell goufen 42 Residentë positiv getest, kee Betraffene ass schlëmm krank. Déi héich Impfquot féiert aktuell zu enger méi entspaanter Situatioun.

Eng héich Impfquot féiert aktuell zu enger méi entspaanter Situatioun an de Fleege- an Altersheemer. Dat sot d’Familljeministesch Corinne Cahen op enger Pressekonferenz.

Beim Personal sinn d’Infektiounszuele méi héich ewéi bei de Residenten. Wa vill Salariéen isoléiert sinn, riskéiert d’Personaldecken dënn ze ginn.

Situatioun a CIPAen entspaant sech / Reportage Pierre Jans

Fir d’éischt awer déi positiv Noriicht. Zwar sinn op en Dënschdeg den Owend gekuckt 42 Residentë vun Alters- a Fleegeheemer Covid-positiv. Kee vun de Betraffene wär awer schlëmm krank. Der zoustänneger Ministesch Corinne Cahen no ass dat well de Gros vun de Bewunner geimpft a geboost wär. “Dat schéngt ze wierken, well d’Leit keng schlëmm Symptomer hunn. Stand haut ass och keen aus engem Alters- oder Fleegeheem an der Klinik wéinst oder mat Covid.” Bei Leit, déi doheem betreit ginn, ginn et 57 confirméiert Corona-Fäll ouni schwéier Verleef.

Weder d‘Ministesch nach den Epidemiolog Joël Mossong konnte confirméieren, ob et e Lien tëscht den Infektiounen an dësem Secteur an de Familljefeieren op de Feierdeeg gëtt. De President vun der COPAS, dem Daachverband vun de Heemer, Marc Fischbach etabléiert dee Lien. “Mir kréie vun eise Membere verschidden Echoen. Déi eng komme ganz gutt doduerch, déi aner manner. D‘Infektioune vun der éischter Woch Januar sinn d‘Nowéie vun de Feierdeeg, well jo awer vill Bewunner d’Chrëschtdeeg doheem an der Famill verbruecht hunn, sou dass do u sech eng Kontroll net méi méiglech war.”

An de Strukture gëtt dagdeeglech streng getest. Och dowéinst gi asymptomatesch Positiver detektéiert. Aktuell ginn et méi Fäll beim Personal ewéi bei de Leit, déi an de Strukture wunnen. Dem Marc Fischbach mécht dat Suergen. Well mir zu dësem Zäitpunkt nach doduerch kommen, woubäi een awer wësse muss, dass d’lescht Woch ronn 46 Professioneller aus dem Secteur positiv doheem an Isolatioun waren.

Eng genee Zuel, wéi vill Leit vum Personal geimpft a geboost ginn, gëtt et net, wéi den Epidemiolog Joël Mossong confirméiert. Do ginn et verschidde Problemer mat den Zuelen. An dësem Secteur komme ganz vill Leit aus dem Ausland, déi och do geimpft gi sinn. Den Ament hu mir also keng richteg Donnéeën. Vun de Leit aus dem Secteur déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, si ronn 60 Prozent geboost.

Par Rapport zu anere Secteure wär dat relativ héich, esou den Epidemiolog.

Back to Top
CIM LOGO