
Déi meescht Leit ginn tëscht 60 a 64 Joer an d’Pensioun. Bis 65 oder méi ginn déi mannste schaffen – och wann dat de legale Pensiounsantrëttsalter ass. No 40 Déngschtjore kann een awer och an d’Pensioun.
Am ëffentlechen Déngscht sinn et just knapp 8%, déi bis 65 oder méi schaffe ginn, am Privatsecteur ëmmerhin awer 23,5%.
Bei de Beamte profitéiere 7% mat 55-56 Joer vun hirer Rent an 23% tëscht 57 an 59 Joer.
Déi meeschte Leit, déi an de leschte Joren an d’Pensioun gaange sinn, hu mat iwwer 14% um Bau geschafft. Si konnten no 40 Déngschtjore am Alter vu 57 bis 59 Joer vun der Rent profitéieren.
All dës Informatioune kritt een an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gerard Schockmel un d’Ministeren Deprez a Wilmes.
Nächsten Donneschdeg gëtt an der Chamber iwwer déi nei Rentereform vun der Regierung ofgestëmmt. Ënnert anerem ginn do déi 40 Schaff– oder Cotisatiounsjore liicht a progressiv an d’Luucht, wann ee fréizäiteg an d’Pensioun wëll.