
Eng wichteg Roll soll jo och de Conseiller Logement spillen. Dëse ka gemengen-intern rekrutéiert ginn, awer och extern a muss eng speziell Formatioun gemaach hunn.
De Conseiller Logement huet dann och eng Partie Outilen zur Dispositioun, wéi d‘Hotline Pacte Logement oder déi informatesch Plattform SIGINOVA-PL2.0. Dat äntwert de Logementsminister Kox, op eng parlamentaresch Fro vun der Déi Lenk Deputéiert Oberweis.