Iwwert de Weekend898 positiver bei 3.040 Tester, kee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.082 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn 12 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.282.817 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,19. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Méindeg bei 21,84 Prozent. (133 positiver bei 609 Tester)

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO