Sou zum Beispill wann et ëm d’Recht op Ofdreiwung geet, oder ëm d’strofrechtlech Verfollgung vu sexualiséierter Gewalt. Ma och d’gratis Verhütungsmëttel an d’Opklärung an de Schoule waren Thema.
Datt d’Majoritéit vun de Verhütungsmëttel elo gratis ass, begréisst de Planning Familial. An awer bedauert een, datt Kondomer do net mat drënner falen. Den Accès op d’Kondomer misst awer nach weider vereinfacht ginn.
“Et kritt ee Kondomer och haut schonn op verschiddene Plaze gratis ausgedeelt, zejoert hu mer der 35.000 verdeelt, mir maachen och do Efforten, fir der an Zukunft nach méi ze verdeelen. Mä wann ee se géing gratis an der Apdikt kréien, wéi dat a Frankräich fir verschidde Populatioune schonn de Fall ass, da wier dat nach méi einfach.”, sou den Yves Bruch, Vizepresident vum Planning Familial.
Dem Planning Familial wier opgefall, datt d’Kondomer an der Lescht manner gebraucht ginn, wat och erkläre géing, wisou zu Lëtzebuerg den Taux vu Krankheete wéi Chlamydien a Syphilis nees klëmmt.
Hei kënnt och d’sexuell Educatioun an de Schoulen an d’Spill, déi der Organisatioun no nach optiméiert kéint ginn. D’Enseignantë missten deementspriechend forméiert ginn, fir de Contenu och kënnen altersgerecht eriwwerzebréngen. Och missten déi Jonk am Laf vun hirer schoulescher Karriär och ëmmer nees mat deem Thema konfrontéiert ginn.
Iwwerdeems fuerdert d’Organisatioun, datt den Delai fir d’Interruption volontaire de grossesse vun der 12. bis op déi 14. Woch soll eropgesat ginn.
“Vun engem medezinesche Point de vue ass dat kee Problem, mä Doktere mussen awer forméiert ginn, wa se sou eng Interventioun maachen. Et ass einfach eng Saach vu Fraerechter an dass déi Méiglechkeet einfach besteet, well wann eng Fra bis dohinner d’IVG net gemaach huet, dann ass et meeschtens well se et net gemierkt huet, wat verschidde Grënn kann hunn”, heescht et vum Ainhoa Achutegui, Presidentin vum Planning Familial.
Wann et ëm sexuell Gewalt geet, sou fuerdert de Planning Familial, datt Strofdoten net méi verjäre sollten.
Allgemeng kritiséiert d’Organisatioun, datt et zu Lëtzebuerg net genuch representativ Donnéeë géing ginn, zum Beispill wann et ëm déi sexuell Gewalt oder d’Benotze vu Verhütungsmëttele geet. Nëmme sou kéint een awer wierklech aschätzen, wéi effikass bestëmmte Mesuren iwwerhaapt sinn a wou een nach reagéiere misst.