E Méindeg de Moien ëm 6.12 AuerKomplett Mounddäischtert iwwer Mëtteleuropa

RTL Lëtzebuerg
Den Himmel war bal iwwerall kloer, sou dass de sougenannte "Bluttmound" op ville Plaze gutt ze gesi war.
Déi Foto gouf zu Suessem opgeholl mat engem Teleskop (952mm Brennwäit).
Déi Foto gouf zu Suessem opgeholl mat engem Teleskop (952mm Brennwäit).
© RTL Mobile Reporter / Manuel Huss

Ëm genee 19 Minutte bis 6 hat de Mound ugefaangen, an de Schiet vun der Äerd ze trieden. Wärend ongeféier enger Stonn louch de Mound komplett am Schiet vun der Äerd an huet rout geschimmert. Vun dohier och den Numm “Bluttmound”.

Ëm 6.12 Auer war den Héichpunkt vun dëser Mounddäischtert. Duerno ass de Mound luies a lues nees aus dem Schiet geréckelt a méi hell ginn.

Wien dës Mounddäischtert verpasst, huet eréischt Silvester 2028 nees d’Chance, sou e Spektakel um Himmel ze erliewen - oder an der Nuecht op den 22. Dezember 2029.

© AFP

FOTOGALERIE: Biller vum Jean Walté (Vollmound) a Marc Schoentgen (Bluttmound).

Back to Top
CIM LOGO