An enger emouvanter Commémoratiouns-Seance an der Chamber gouf dem verstuerwene Monarch e Freideg am Nomëtteg déi lescht Éier erwisen.

AUDIO: Gedenkzeremonie an der Chamber / Rep. Pit Everling

An enger emouvanter Zeremonie gouf dem verstuerwene Groussherzog Jean e Freideg an der Chamber déi lescht Éier erwisen, dat a Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume. An de Rieden hu Chamberpresident a Staatsminister un d'Liewen an un d'Meritter vum Grand-Duc Jean erënnert, als Staatschef- an als Mënsch.

Et war e Krautmaart wéi een e seelen erlieft: roueg an ergraff.

"Mir hu virun zwou Wochen eise Grand-Duc Jean verluer. E léiwe Mënsch ass vun eis gaangen. Mir wäerten hien net vergiessen an eis Méi ginn, säin Ierwen ze respektéieren an hien als Virbild ze behalen", erënnert de Staatsminister Xavier Bettel, op sengem Riednerpult steet eng Foto vum Grand-Duc Jean, ëmgi vu Blummen.

D'Vertrieder vu Chamber a Regierung droen d'Faarf schwaarz, grad ewéi déi vill Éieregäscht, sou wéi fréier Chamberpresidenten, Diplomaten a Vertrieder vun Institutiounen. An der Mëtt vum Plenarsall suivéiert den Ierfgroussherzog Guillaume d'Trauer-séance an héiert ënnert anerem dës Wieder vum Premier:

"Dir Monseigneur hutt e Mënsch verluer, deen Dir gären hat, ären "Apapa", mat deem Dir enk verbonne waart an deen Iech an Ärem Liewen och begleet huet. Wa mir haut zesumme si fir deem aussergewéinleche Mënsch ze gedenken, da wëlle mir dem Grand-Duc Henri, Iech Monseigneur an der groussherzoglecher Famill dobäi och eist déifst Matgefill ausdrécken. An dëse schwéiere Momenter sinn eis Gedanke bei der Famill a bei deene Mënschen, déi dem Grand-Duc Jean nostoungen".

An de Riede gouf un en exemplaresche Staatschef an un e léiwe Mënsch erënnert.

De Chamberpresident Fernand Etgen wierdegt am Plenarsall e Grand-Duc Jean, deen ëmmer do war, wann e gebraucht gouf, dee couragéis war, flichtbewosst, engagéiert, mënschlech a waarmhäerzeg:

"Eist Land verléiert mam Grand-Duc Jean e "Chef d'Etat modèle", eng häerzlech a sympathesch Persoun, e léiwe Mënsch. D'Lëtzebuerger Natioun seet dem Grand-Duc Jean Merci fir säin onermiddlechen Asaz am Déngscht vun eisem Land. Mir all ginn him d'Gewëssheet, datt mir hien net vergiessen, mä au contraire, datt mir hie weider ganz déif an onseren Häerzer droe wäerten an datt hien an eiser Erënnerung wäert weider liewen".

D'Sëtzung ass mat enger Gedenkminutt fir de Grand-Duc Jean a mam Spille vum Wilhelmus op en Enn gaangen.