Rendez-vousen annuléiertJean Asselborn no onglécklecher Chute am Spidol

RTL Lëtzebuerg
Aus gesondheetleche Grënn huet den Ausseminister sämtlech offiziell Rendez-vousen zu Lëtzebuerg an am Ausland bis de 16. Juni ofgesot.

Dat huet den Ausseministère e Mëttwoch den Owend matgedeelt.

Aus gesondheetleche Grënn wier de Jean Asselborn hospitaliséiert ginn, e léich op der Intensivstatioun, housch et.

Op Nofro hin sot den Ausseminister RTL, hie wier onglécklech gefall.

Den LSAP-Politiker huet e groussen Hämatom iwwer de ganzen Réck a muss dowéinst entspriechend an engem Lëtzebuerger Spidol traitéiert ginn. Hie ka sech fir déi nächst 10 Deeg net vill beweegen an huet dowéinst seng politesch Engagementer missten annuléieren.

Matdeelung

Jean Asselborn annule ses rendez-vous officiels jusqu'au 16 juin 2019.

Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Pour des raisons de santé, le ministre des Affaires étrangères et européennes, Jean Asselborn annule ses rendez-vous tant à Luxembourg qu'à l'étranger, et ce jusqu'au 16 juin.

Le ministre Asselborn est hospitalisé dans le service des soins intensifs.

Back to Top
CIM LOGO