Alkoholiséiert zu Reiler an zu MierschAn de Summerwee geroden, ze séier an duerch Rout gefuer

Tom Nols
2 Chauffere sinn an de leschte Stonnen opgefall, well se ze vill gedronk haten. Si hunn hire Permis mussen ofginn.
© Laurent Weber

Tëscht Wäiswampech a Reiler war der Police en Donneschdeg den Owend géint 19:30 Auer e Chauffer gemellt ginn, dee mat sengem Gefier e puermol an de Summerwee geroden a bal mat engem Bam kollidéiert war. Kuerz drop konnt d'Gefier vun enger Patrull zu Reiler gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Permis fort.

An der Nuecht op e Freideg war en Automobilist an der Areler Strooss zu Miersch opgefall, well hien ze séier ënnerwee war. Beamte waren him nogefuer an haten an der Rue de la Gare gesinn, wéi de Chauffer duerch Rout gefuer war. Am Garage vun engem Appartementshaus, nodeems de Mann geparkt hat, war hien um Enn kontrolléiert ginn. Och do war den Test positiv an de Chauffer säi Fürerschäin lass.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO