D'Waff gouf séchergestalltZu Esch hat e Mann eng Gasdrock-Pistoul bei sech

RTL Lëtzebuerg
D'Waff ass aus der Kleedung vum Mann gefall, ewéi d'Beamten hie kontrolléiert hunn.
© Laurent Weber

Géint 22 Auer en Donneschdeg den Owend krut d'Police e Mann zu Esch op de rGemengeplaz gemellt, deen eng Pistoul bei sech hätt. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer a konnt de Mann och do untreffen. Wéi d'Beamten hien duerchsicht hunn, ass eng Pistoul aus senger Kleedung op de Buedem gefall. Et huet sech erausgestallt, dass et sech dobäi ëm eng Gasdrock-Pistoul gehandelt huet. Dës gouf, grad ewéi déi entspriechend Munitioun a weidert Equipement séchergestallt.

D'Waff gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf e Protokoll geschriwwen.

D'Police erënnert an deem Kontext vun d'Gesetzer, déi am Zesummenhang mat Loft- resperktiv Gas-Waffe gëllen.

Back to Top
CIM LOGO