1. Autoe ginn erausbruechtAndréck vum Parking Rousegäertchen den Dag nom Feier

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg hat et am ënnerierdesche Parking gebrannt. Dobäi goufe 5 Autoe beschiedegt a vill Gefierer waren an der Garage "agespaart"
© RTL Mobile Reporter

Um Dënschdeg am Laf vum Mëtteg gouf dunn ugefaangen, déi Gefierer, déi net um "-1" stoungen, aus der Déifgarage ze bréngen. Donieft gouf awer och Aarbechtsmaterial op d'Plaz bruecht, fir de Plafong an de Buedem ze sécheren.

Feier um -1 ënner Kontroll: Keng Blesséierter bei Brand vu 5 Autoen am Parking um Rousegäertchen

VIDEO: Grouss Dampentwécklung beim Parking um Rousegäertchen
D'Police huet d'Plaz ofgespaart

Kuerz viru Mëtteg um Méindeg waren d'Rettungsdéngschter an de Parking um Rousegäertche geruff ginn.

5 Autoe hate Feier gefaangen. D'Pompjeeën haten de Brand no 2 Stonnen ënner Kontroll.  Blesséiert gouf beim Virfall keen.

D'Nei Avenue war fir de Verkéier gespaart, ausser fir d'Busser.

PDF Schreiwes CGDIS - 1. Bilan

Back to Top
CIM LOGO