Zu Helsem, zu Angelduerf a bei der Houschter DécktDräi Blesséierter bei Accidenter en Donneschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg waren d'Secouriste beim CGDIS op dräi Plaze wéinst Accidenter am Trafic am Asaz.
© Laurent Weber

Géint 12:30 Auer krut en Auto zum Helsem an der Route de Diekirch e Moto ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D'Pompjeeë vu Steesel an d'Ambulancieren aus der Fiels waren hei op der Plaz.

Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi kuerz viru 16 Auer en Automobilist zu Angelduerf an der Route d'Ettelbruck eng Trottinett ze pake krut- Hei waren d'Pompjeeë vun Angelduerf an aus der Nordstad, grad ewéi d'Ambulancieren aus der Nordstad am Asaz.

Um 16:10 Auer krute sech dann zwee Gefierer op der RN07 tëscht der Houschter Déckt an dem Schinker ze paken. D'Pompjeeën an d'Secouriste vun Housen hu sech hei em eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO