E Méindeg hate mer gesinn, wei opreegend den éischte Schouldag fir d’Kanner aus der Grondschoul war. Fir 5.200 Jonker huet dann en Dënschdeg een neit Kapitel an hirem Schoulliewen ugefaangen. No 6 Joer Fondamental, goung et fir d’éischte Kéier an de Lycée. RTL war fir d’Rentrée op Diddeleng an de Lycée Nic Biever.
E neit Gebai, eng nei Klass, vill verschidde Proffen a Matschüler, déi een nach muss kenneléieren. Sou e Wiessel aus der Grondschoul an e Lycée bréngt scho verschidde Gefiller mat sech. Bei Schüler awer och dem Léierpersonal.
278 Schüler sinn op 14 verschidde 7ième’s-Klassen am Lycée Nic Biever opgedeelt. Hei zu Diddeleng ginn déi 3 Regimmer “Classique”, “Général” a “Préparatoire” ugebueden. Vun dësem Joer un ginn et och zwou nei Sektiounen: Sport a Musek.
Um Dënschdeg: No der Grondschoul elo am Lycée - Rentrée fir 5'200 Jongen a Meedercher