AneurysmaJean-Claude Juncker gëtt den 11. November operéiert

RTL Lëtzebuerg
De President vun der Europäescher Kommissioun gëtt den 11. November wéinst enger Arterien-Erweiderung am Häerzberäich operéiert.

Dat huet seng Spriecherin en Donneschdeg confirméiert. Gewosst ass, dass d'Operatioun net zu Lëtzebuerg wäert sinn. De Jean-Claude Juncker ass 64 Joer al.

Mir hu bei der Dr. Marie-Elisabeth Stelzmüller nogefrot, eng Wiener Häerzchirurgin, déi op Aneurysme spezialiséiert ass, wat genee kéint operéiert ginn.

„Also grundsätzlich gehe ich davon aus, so wie das formuliuert ist, dass es sich um ein Aneurysma des aufsteigenden Teils der Hauptschlagader der Aorta handelt. Das heißt, das ist eine Erweiterung der Hauptschlagader über der Norm, und wenn sich das über eine bestimmte Größe erweitert, das ist 5,1 bis 5,3 Zentimeter, dann besteht da die Indikation, diese zu operieren."

Dr. Marie-Elisabeth Stelzmüller, Deel 1

Wat sinn dann d'Haaptrisike vun Aneurysmen?

„Generall ist bei Aneurysmen die Gefahr, dass sie ab einer gewissen Größe platzen und ansonsten kann es dazu führen, dass die Aorta also die Hauptschlagader einreißt. (...) Die Hauptschlagader besteht aus 3 Schichten, und, dass die innerste Schicht einreißt, das nennt man eine sogenannte „Dissektion". In diesem Bereich der Hauptschlagader, im Aufsteigenden, da wiederrum ist das Risiko, dass man eine schlechtere Durchblutung des Gehirns oder auch der Bauchorgane bekommt, was wiederrum zu einem Schlaganfall führen kann."

Dr. Marie-Elisabeth Stelzmüller, Deel 2

D'Operatioun vum Jean-Claude Juncker wär elektiv, wat souvill heescht wéi geplangt. De Risiko misst akzeptabel gewiescht sinn, soss hätt een direkt operéiert. An dësem Fall wär de Mortalitéitsrisiko bei 2-3 Prozent, je no Aart vun der Operatioun. Dat kéint si op Distanz awer net bewäerten, sou Dr. Marie-Elisabeth Stelzmüller. Et wär awer eng Routine-Operatioun, sou nach d'Doktesch.

Méiglech Konsequenze fir den SREL-Prozess

Et kéint sinn, datt dem Kommissiouns-President seng Operatioun och eng Incidence op de Frisbee-Prozess hätt, also den SREL-Prozess, dee jo den 19. November sollt sinn. Dat ass nëmmen eng Woch nom Operatiouns-Termin.

Op Nofro huet d'Justiz-Spriecherin Diane Klein RTL matgedeelt, datt de Parquet e Mëttwoch iwwert d'Operatioun informéiert ginn ass an zanterhier kontaktéiert de Parquet no a no all déi vum Prozess concernéiert Parteien.

De Jean-Claude Juncker kann als ee vun den Haaptzeien an deem Prozess bezeechent ginn, an dee Prozess ouni de fréiere Geheimdéngscht-Chef kann ee sech nëmme schwéier virstellen. Decisioune wieren awer nach keng geholl ginn. Zil wier weiderhin, datt de Prozess nach dëst Joer ass. Dat heiten ass déi zweete Kéier, datt de Prozess verréckelt gëtt.

Communiquéë vum Parquet

Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec les nouvelles dates d'audiences du procès dit « SREL »
(08.03.2019)Les nouvelles dates dans le cadre du procès dit « SREL » viennent d'être déterminées. Les dates des douze audiences prévues sont : mardi le 19 novembre, mercredi le 20 novembre, jeudi le 21 novembre, vendredi le 22 novembre, mardi le 26 novembre, mercredi le 27 novembre, jeudi le 28 novembre, vendredi le 29 novembre, mardi le 3 décembre, mercredi le 4 décembre, jeudi le 5 décembre et vendredi le 6 décembre 2019.

Communiqué du Parquet de Luxembourg en relation avec la remise du procès dit « SREL »
(21.11.2017)

En raison d'un empêchement imprévu, Monsieur Jean-Claude Juncker ne pourra se présenter aux dates initialement prévues, le procès dit « SREL » doit être remis à une date ultérieure. Les audiences du 29 novembre, 30 novembre, 5 décembre, 6 décembre, 7 décembre, 12 décembre, 13 décembre ainsi que du 14 décembre 2017 seront par conséquent, pour autant que possible, consacrées à d'autres affaires.

Les nouvelles dates du procès en question vous seront communiquées en temps utile.

Back to Top
CIM LOGO