
D'Victoire vun den Demokrate bei den US-Kongresswalen hunn international ganz ënnerschiddlech Reaktiounen ausgeléist.
De Kreml-Spriecher Dmitri Peskow sot, de President Trump géing weider am Amt bleiwen an et géif ee wierklech hoffen, datt hie mat senge Friddensbeméiunge géing weidermaachen. D'nächst Woch sinn zu Abu Dhabi ënner US-Vermëttlung nei Gespréicher tëscht der Ukrain a Russland virgesinn.
D'US-Bierger hätten "Nee zum Krich" gesot, sou den iranesche Parlamentspresident a Chef-Ënnerhändler Mohammed Bagher Ghalibaf. Si géingen dee Message ënnerstëtzen. Den ieweschte Leader Modschtaba Chamenei huet erkläert, et géing ee falsch leien, wann een drop hoffe géing, dass sech d'Verhale vum Hegemonie-System duerch parteilech oder fraktionell Ënnerscheeter verännere géingen. Zougeständnesser un d'Vereenegt Staate géife si net vu feindlechen Handlunge géintiwwer der iranescher Natioun ofbréngen, sou de Chamenei weider.
Déi chineesesch Regierung huet op eng Bewäertung vun de Resultater verzicht a gemengt, dat wieren intern Saachen. China wier gewëllt, weider mat den USA zesummen ze schaffen, fir de wichtege Konsens, dee béid Staatscheffen erreecht hunn, bäizebehalen an z'implementéieren.
Den Ausseminister Johann Wadephul wäert Kontakt sichen zu de neie Kräften am Kongress a géing sech iwwer méi en intensiven Austausch freeën. De Verdeedegungsminister Boris Pistorius huet iwwerdeems gesot, datt sech trotz der historescher Victoire déi nächst zwee Joer näischt un der US-Regierung ännere wäert an datt hie mat där weider wéilt vertrauensvoll zesummeschaffen.
D'Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun Kaja Kallas erhofft sech vum "neien US-Kongress" weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain a méi Drock op Russland. Walen hätte Konsequenzen, sou d'EU-Aussebeoptraagt zu Bréissel. Europa an d'USA wiere gemeinsam "vill méi staark", fir Moskau zu engem Enn vum Krich ze drängen, sou d'Kallas weider.
Den DP-Deputéierte Gusty Graas sot am RTL-Interview, datt een net ze vill optimistesch dierft sinn. Den Trump wär innepolitesch extrem ugeschloen, mä
aussepolitesch wéilt hie sech nach ëmmer als staarke Mann duerstellen. Hie wier nach ëmmer ieweschte Kommandeur vun der Arméi.