Den Tom Wirion hat sech am RTL-Interview beklot, e groussen Deel vun den Hëllefe wier fir de Bausecteur. Den Dan Kersch schwätzt vu Mëssverständnesser.

Den Direkter vun der Handwierkerkummer, den Tom Wirion, huet en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview Subside gefuerdert fir d'Handwierksbetriber – ouni Remboursement. Hien huet sech och beklot, datt e groussen Deel vun den Hëllefe fir de Bausecteur wier.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch äntwert dorobber a schwätzt vu Mëssverständnesser.

D'Regierung hätt "Direkt-Mesuren" decidéiert. Déi wieren eenzegaarteg, fënnt den Dan Kersch. Hien hätt nach kee Land gesinn, dat esou wäit geet wéi Lëtzebuerg. D'Betriber misste keng Steiere bezuelen, keng Sozialleeschtungen. Flächendeckend géife se Kuerzaarbecht kréien an do misste se näischt zeréckbezuelen. De Staat géif 80% vun de Lounkäschten iwwerhuelen.

Datt de Bausecteur sou vill géif kréien, léisst den LSAP-Minister net gëllen. Fir de Mount Mäerz an déi 45.000 Leit um Bau gëtt mat engem Käschtepunkt vu 50 Milliounen Euro gerechent, bis den 20. Mäerz ass jo nach op de Chantiere geschafft ginn. Da géifen nach 450 Milliounen Euro fir de Mäerz fir déi aner Betriber bleiwen.

Wann d'Kris méi laang dauert, soll nach eng Kéier opgestockt ginn. Däers wär ee sech bewosst an am Konjunkturcomité wär och schonn doriwwer Rieds gaangen, sou den Dan Kersch.