
Dës Charge iwwerhëlt vum 1. Juni d’Yuriko Backes, déi bis ewell Representante fir d’EU-Kommissioun hei am Land ass. Datt eng Fra um Poste vum Hofmarschall ass, ass eng Première am Land.
D’Madamm Backes kann op eng laang diplomatesch Karriär zeréckkucken a war ënner anerem tëscht 2010 an 2016 diplomatesch Conseillère vun de Staatsministere Juncker a Bettel. Aner Statioune fir d’Madamm Backes, déi dëst Joer 50 Joer al gëtt, waren d’Lëtzebuerger Representatiounen zu New York a Bréissel, respektiv d’Ambassade zu Tokio.