"Gebastels, à la sauce luxembourgesoise", sou ass e Communiqué iwwerschriwwe vun der Aleps, d'Associatioun vun den Enseignantë fir d’professions de santé.

Hei geet et iwwert d'Reform vun der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer, déi dëse Méindeg virgestallt gouf. Nodeems ee schonn zanter Joren e koherenten Opbau vun deene Formatiounen géif fuerderen, wier een elo dann iwwert d'Press gewuer ginn, wéi d'Zukunft do soll ausgesinn.

Am, interministerielle Comité, deen d'Reform op d'Bee gestallt huet, hätt net ee Vertrieder aus der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer mat um Dësch gesiess.

Déi elo proposéiert Reforme wieren an den Ae vun der Aleps net koherent. 3 Zorten Infirmiers-Diplomer wier e Gewulls, wou sech ganz vill Froe géife stellen.

Genee wéi och den OGBL fuerdert d'Aleps, dass de BTS-Diplom fir den Infirmier ofgeschaaft an eng eenzeg koherent Ausbildung op Bachelor-Niveau, wéi dat an de meeschten EU-Länner de Fall wier, fixéiert soll ginn.