Konkret geet et hei ëm déi onsécher Situatioun fir déi iwwer 200 Salariéen, déi d'Gewerkschaften e Freideg de Moie bekloen.

Den OGBL an den LCGB hunn de Moien een Protest-Piquet virum Stolwierk vu Liberty-Steel zu Diddeleng organiséiert. Eng 300 Leit ware present. D’Zukunft vum Standuert schéngt ëmmer méi ongewëss. Dat well d’Mammenhaus GFG Allianz an enger Kris stécht an ee groussen Deel vun de Salariéen a Kuerzaarbecht schaffen. Dobäi kennt dat Arcelor-Mittal de Standuert net legal iwwerhuele kann. Dowéinst fuerderen d’Gewerkschaften eng zouverlässeg Léisung an d’Erhale vum Standuert a sengen Aarbechtsplazen.

D’Zukunft vun den 220 Mataarbechter vum Stolwierk zu Diddeleng sinn ongewëss. Dat well d’Mammenhaus vu Liberty Steel, GFG Alliance, finanziell Schwieregkeeten huet. D’Gewerkschaften OGBL an LCGB haten dowéinst op der Plaz zu engem gemeinsame Protest-Piquet opgeruff. D’Fuerderunge ware virun allem d’Erhale vum Stolwierk an d’Ënnerstëtzung vun der Regierung

Den decisive Creancier vu Liberty Steel war d’Greensill Bank. Dës ass antëscht Faillite. Zënterhier huet Liberty Steel Problemer sech ze finanzéieren. D’Realitéit wier elo, dat Stolgeschäft vum Sanjeev Gupta op wackelegem Buedem steet

Liberty Steel hat de Site Diddeleng vun Arcelor Mittal iwwerholl. De Lëtzebuerger Stol-Acteur war virun zwee Joer vu Bréissel forcéiert ginn, de Standuert Diddeleng ofzestoussen, fir Konkurrenz-Reegelen anzehalen

GFG Alliance wollt sech net zum Protest-Piquet äusseren a keen Interview ginn. Insgesamt beschäftegt de weltwäite Konzern méi ewéi 35.000 Leit a bedreift e puer Stolwierker a Groussbritannien.