Intern Sondagen, déi d'Partei bei TNS-Ilres an Optrag ginn huet, deiten op Wielerzoustëmmung hin.

Vun de mëttlerweil 491 Pirate-Membere waren der um Donneschdeg Owend eng 70 an de Kulturzenter op de Colmer-Bierg komm. Esouvill wéi bis ewell op kengem anere Kongress vun der Partei, esou d'Parteileedung ëm de Marc Goergen a Sven Clement.

En Vue vum Superwaljoer ass d‘Partei amgaang, intern Sondagen iwwer TNS-Ilres maachen ze loossen. Provisoresch Zuele géifen erginn, datt 9 Prozent vun de Befrote schonn decidéiert wieren, fir d'Piraten ze wielen. 30 Prozent kéinte sech dat gutt virstellen a weider 10 Prozent kéinte sech virstellen, der Partei hir Stëmm ze ginn. Dat sot de Coordinateur Marc Goergen.

D'Partei huet aktuell zwee Deputéiert a sechs Gemenge-Conseilleren iwwert Land. Fir sech fir d’Walen 2023 personell gutt opzestellen, wier d’Partei amgaang, an enger Rei Gemenge Sektiounen opzebauen, huet de Partei-Spriecher Starsky Flor am RTL-Interview erkläert.

Och den Daniel Frères war um Kongress. De Réimecher Gemengeconseiller hat jo leschten Hierscht seng Mandater an der Partei an am Presidium néiergeluecht, nodeem hien an éischter Instanz zu 6 Méint Prisong op Sursis an enger Geldstrof vun 2.000 Euro, ënner anerem wéinst abus de confiance an enger Déiereschutz-Aktioun verurteelt gi war. Am Appell Prozess den 10. Mee gouf d’Prisongsstrof gestrach, d’Geldstrof wéinst abus de confiance awer bäibehalen. Den Daniel Frères huet sech um Kongress nees opgestallt, fir zréck an de Presidium ze kommen. En deontologesche Problem géif et heibäi net fir d’Partei, esou de Starsky Flor. Vill méi misst een an den A vun der Partei d'Déiereschutzgesetzer verbesseren.

Eng Opfaassung, déi den Daniel Frères deelt. Hie sot RTL géintiwwer, hie wéilt net a Cassatioun géint d'Urteel aus zweeter Instanz goen.