
Op Uerder vum Parquet huet d'Police e Freideg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Samschdeg, Alkoholkontrollen duerchgefouert op der N32 tëscht Suessem an Zolwer, an der Stad um Boulevard de Kockelscheuer an op der Areler Strooss, grad esou wéi um Houwald op der Diddenhuewener Strooss.
522 Automobiliste si kontrolléiert ginn. An 31 Fäll war den Test positiv. 18 Protokoller sinn ausgestallt, 13 Mol gouf et en Avertissement taxé a fënnef Permisen op der Plaz agezu ginn.
Donieft waren 10 Mol d'Pabeieren net an der Rei. 4 Leit hate kee Gurt un, dräimol sinn technesch Lacunne festgestallt ginn an eemol war net e Kannersëtz am Won, obwuel en néideg gewiescht wier. Ee weideren Automobilist war net am Besëtz vun engem Fürerschäin.
Um fréie Freidegowend ass zu Walfer e Chauffer gemellt ginn, deen en aner Gefier getéckt hat. Op der Plaz hunn d'Beamten de Mann ugetraff, deen ze vill gedronk hat. Säi Permis ass agezu ginn.
Zu Éinen war kuerz méi spéit en Automobilist geféierlech an onsécher ënnerwee. Bei enger rouder Luucht gouf hien opgegraff a kontrolléiert. Den Test war positiv an e provisorescht Fuerverbuet war d'Suite.
Duerno war op der Tréierer Autobunn A1 e Won opgefall, deen d'Spuer net gehalen huet. D'Automobilistin hat ze vill gedronk an d'technesch Kontroll vun hirem Auto war ofgelaf. Hire Fürerschäin ass agezu ginn.
An der Nuecht op e Samschdeg war et op der Escher Autobunn op der Héicht Leideleng zu engem Accident tëscht zwee Autoe komm. De Verursaacher ass geflücht, konnt no enger Sich vun der Police awer gestallt ginn. Och säin Test war positiv an och säi Permis war domat fort.
Zur selwechter Zäit war et zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs en Accident tëscht engem Auto an engem Minibus. Den Automobilist hat ze vill Alkohol am Blutt an huet säi Fürerschäin ofgeholl kritt.