
Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 7.500 Mënschen, déi un Demenz leiden. Fir d’Zukunft gëtt sech nach eng Hausse erwaart, well d’Populatioun ëmmer méi al gëtt.
E Samschdeg ass an der Stad de Memory-Walk, fir sech solidaresch mat de Concernéierten ze weisen. Lass geet et vun der Place Clairefontaine aus.
Detailer fannt Dir op alzheimer.lu.