Dëst Joer presentéieren d'Sozialisten an all Walbezierk en anere Programmpunkt, zesumme mam jeeweilege regionale Spëtzekandidat.

Gerechtegkeet an Zesummenhalt - dat war de Motto vun der LSAP e Méindeg bei hirer Presentatioun vum Walprogramm am Bezierk Osten.

Fir den Osten ass dat de Ben Streff. Ee Punkt wier besonnesch fir den Osten d'Verbesserung vum RGTR-Reseau, an dat och zesumme mat der Grenzregioun. Do misst ee weiderhin op Park-and-Ride setzen. Och fir d'LSAP ass d'Sécherheet um nationale Plang en Thema. Do berifft ee sech allerdéngs op déi sozial Sécherheet.

Mat enger Steierreform wéilt een niddregt Akommes entlaaschten an eng sougenannte Räichesteier aféieren. Déi national Spëtzekandidatin Paulette Lenert gesäit do e Spëtzesteiersaz vun 48, respektiv 49 Prozent bei engem Akommes iwwer 500 000 Euro d‘Joer. Aus dem Finanzministère war et jo d‘Ausso, et géif aktuell kee Budget fir eng komplett Reform, ma fir d‘LSAP géing do kee Wee derlaanscht. Déi Reform gouf jo well am leschte Koalitiouns-Accord vu blo-rout-gréng versprach.

Ausserdeem géif ee sech d‘Liewensqualitéit vun de Leit op de Fändel schreiwen. Dat géing net just iwwert Suen, ma d‘Leit missten och gären zu Lëtzebuerg wunnen. Dofir kéim et net just op de wirtschaftleche Wuesstem un, well wann do géife Leit op der Stréck bleiwen, wier dat kee gudde Wuesstem, fënnt d‘Paulette Lenert.

Weiderhi versprécht d'LSAP eng Aarbechtszäitverkierzung a wëllt d‘38-Stonnen-Woch aféieren, grad wéi eng Erhéijung vun der Mindestrent - allerdéngs ouni en Eropsetze vum Pensiounsalter. De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché misst attraktiv bleiwen.

RTL

© René Pfeiffer / RTL


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht