"Déi Lénk ass déi eenzeg Partei, mat där et net riicht an d'Mauer geet."

Fir déi Lénk ass et un der Zäit, datt de Räichtum un déi Leit verdeelt gëtt, déi en och erschafft hunn.
Dat huet eng vun hire Kandidatinnen e Freideg den Owend am "Sang a Klang" am Pafendall ënnerstrach, wou dräi Wochen virun de Chamberwalen, déi lescht Phase vum Walkampf agelaut gouf.
D'Partei, déi aktuell mat zwee Sëtz um Krautmaart vertrueden ass, seet si wéilt de Leit mat hirem Programm nei Perspektive bidden. Sozial Acquisen verdeedegen a parallel fir Fortschrëtter kämpfen.
Fir déi Lénk ass et un der Zäit, datt de Räichtum un déi Leit verdeelt gëtt, déi en och erschafft hunn.
Zu hire Prioritéite gehéiert e Mindestloun, mat deem een iwwert dem Aarmutsrisiko ka liewen an eng richteg Reduzéierung vun der Aarbechtszäit, dat heescht d'32 Stonne Woch.
D'Partei wëll géint e System kämpfen, dee scho laang u seng Limitte gestouss wier, ënnersträicht d'Line Wies, Spëtzekandidatin am Süden.
"Déi déi sech haut vehement wiere géint eng Aarbechtszäitverkierzung, an domadder ass virun allem dat grousst Patronat gemengt, déi liewen an der Vergaangenheet a se sollen do bleiwen, well mir iwwerhuele si vu lénks, well mir hu keng Zäit ze verléieren, mir hunn eigentlech näischt méi ze verléieren. Mir hu just nach alles ze gewannen."

Fir all déi, déi gutt vun der Aarbecht vun deenen anere Leit géife liewen, wier eng Aarbechtszäitverkierzung awer e rout Duch an Ënnerstëtzung kréiche si dobäi och nach vun de Patronatsparteien, bedauert den David Wagner. Hien ass Spëtzekandidat am Zentrum.
"A wat soe se all 'oh dat geet net, mir sinn dach an enger Kris' oder 'mir komme grad aus enger Kris eraus' oder 'mir si geschwënn erëm an enger Kris'. Bref - fir d'Grousspatronat an hir Parteien ass et ni d'Zäit, fir eppes fir d'Leit ze maachen."

D'Argument, datt een a Krisenzäiten d'Aarbechtszäit net ka reduzéieren, wëll den David Wagner mat engem Bléck an d'Geschichtsbicher widderleeën. 1918, just nom Enn vum 1te Weltkrich, wier d'Aarbechtszäit schliisslech och ëm bis zu 24 Stonnen d'Woch reduzéiert ginn.
Déi Lénk stelle fest, datt si dacks an der Chamber deen eenzege Sproochrouer vun de Gewerkschaften wieren, an de Marc Baum huet och drun erënnert, datt seng Partei déi eenzeg gewiescht wier, déi d'lescht Joer un der Säit vum OGBL géint eng Manipulatioun vum Index gekämpft huet.
En anere Kampf, deen et fir déi Lénk ze féiere gëtt, ass dee géint de Klimawandel.
D'Mara Stieber aus dem Zentrum: "Am Kontext vun der Klimakris schwätze mer dacks vun der Zukunft, mä et geet net ëm eis Zukunft, mä virun allem ëm de Present. Dofir ass et och gutt, datt mir als Lénk méi gréng si wéi déi Gréng"
An als Lénk, seet de Marc Baum, wéilt een de Kampf géint de Klimawandel net um Réck vun deenen Äermste féieren.
