
Op Uerder vum Parquet sinn d'lescht Woch zu Lëtzebuerg insgesamt 49 E-Trottinette zerstéiert ginn. D'Gefierer, déi wéinst Verstéiss géint de Code de la route saiséiert gi waren, haten e Gesamtgewiicht vun 1.560 Kilogramm.
Am Kader vun dëser Aktioun kruten d'Polizisten och eng Formatioun an Zesummenaarbecht mat der ASBL Ecotrel. Dobäi stoungen ënner anerem illegal Manipulatiounen un E-Trottinetten, d'Brandgefor vun Akkuen an déi fachgerecht Demontage a Lagerung vun de Gefierer am Mëttelpunkt.
D'Police erënnert drun, datt E-Trottinette laut Gesetz net méi séier wéi 25 km/h däerfe fueren. Wien d'Geschwindegkeet vu sengem Gefier duerch Manipulatioun erhéicht, riskéiert strofrechtlech Konsequenzen an eng méiglech Saisie vun der Trottinett.