Den Heescheverbuet ass no engem kritesche Bréif vun der Procureure générale nees an der Aktualitéit. D'Reaktioun vum Inneminister suergt fir Onverständnis.

Den Inneminister Léon Gloden behëlt sech wéi de "béise Sheriff" aus dem Film Robin Hood, seet den Deputéierte vun de Piraten, Marc Goergen. D'Sam Tanson vun déi Gréng bezeechent den CSV-Politiker, no deem sengen Aussoen e Méindeg de Moien hei op der Antenn, als "Cowboy", dee ronderëm sech schéisst an de Feeler iwwerall sicht, ma net bei sech selwer.

De Marc Goergen vun de Piraten

De Léon Gloden hat der Procureure générale Martine Solovieff hire Bréif, an deem si kritiséiert hat, dass duerch d‘Heescheverbuet ze vill Beamte vun der Police judiciaire feelen an doduerch iwwer 1.200 aner Dossiere leiebléiwe géingen, als "Hëllefsruff" bezeechent. Dëse géing weisen, datt déi viregt Regierungen näischt gemaach hätten, esou déi relativ schaarf Kritik vum Inneminister. CSV an DP géifen dogéint elo upaken, an d‘Oppositioun géif déi Aarbecht mat populisteschen Aussoen schlecht maache wëllen.

Säin Toun géif weisen, dass den CSV-Minister nervös wär, kontert dann och den LSAP-Deputéierten Franz Fayot. A sengen Aen ass eng institutionell Kris manifest, wann eng Procureur générale den zoustännege Minister muss opfuerderen, fir d‘Beamte vun der Police judiciaire nees op hir eigentlech Dossieren zeréck ze affektéieren. Fir de Franz Fayot ass dem Léon Gloden säin Handele puren Aktivismus - sou géif op Demande vun der DP-Buergermeeschtesch probéiert ginn "d'Stad ze botzen". De Franz Fayot freet sech dann och, wou d'Justizministesch an deem ganzen Dossier bleift.

De Franz Fayot vun der LSAP

Och d'Sam Tanson schwätzt vun Aktivissem, deen a Chaos géif ëmschloen. D'Regierung de Feeler gemaach, virop am Dossier Heescheverbuet spontan Decisioune geholl ze hunn, ouni virdrun déi Leit consultéiert ze hunn, déi déi mussen ëmsetzen. Déi fréier gréng Justizministesch hätt sech méi eng souverän Äntwert vum Inneminister op d'Kriticken vun der Procureure générale erwaart a wënscht sech nees "eng roueg Politik".

D'Sam Tanson vun déi Gréng

Den "Invité vun der Redaktioun" mam Minister Léon Gloden kënnt der hei nach emol liesen, kucken oder lauschteren.