"Ech gesinn de Bréif vun der Madamm Solovieff als een Hëllefsruff"
E Méindeg de Moie war d'Heescheverbuet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Hie geséich de Bréif vun der Procureure générale als een Hëllefsruff an et géing weisen, dass déi viregt Regierungen näischt gemaach hätten an de Kapp an de Sand gestach hunn. Dat äntwert den Inneminister Léon Gloden der Procureure générale, déi dem Minister reprochéiert, dass duerch d'Heescheverbuet ze vill Beamte vun der Police judiciaire feelen an doduerch iwwer 1.200 aner Dossiere leien bleiwen.
De Léon Gloden war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an huet erkläert, dass de Spezial-Dispositif vun der Police e ganzen "Package" wier. Dësen Dispositif wier op d'Been gestallt ginn, fir dem Hëllefsruff vun der Stad Lëtzebuerg a vun de Leit aus dem Gare Quartier nozekommen. Dat heescht, e wier net just am Asaz vum sougenannten Heescheverbuet, mee och am Kampf géint Drogekriminalitéit, de Proxenitismus, déi illegal Migratioun an och fir d'Salubrité publique nees hierzestellen. De Léon Gloden huet donieft och rappelléiert, dass den deemolege gréngen Transportminister François Bausch e Gesetzprojet deposéiert hat, fir Videosurveillance am ëffentleche Raum an am ëffentlechen Transport anzeféieren, fir esou Leit, déi owes op Bänke schlofen, ewechzekréien. Dofir missten verschidden gréng a rout Politiker sech calméieren, sou den Invité.
Verschidde Beamte vun der Police judiciaire ginn zeréckgezunn
Den Inneminister gëtt allerdéngs zou, dass ee Feeler geschitt ass. Nämlech wiere Beamte vun der Police judiciaire aus der Unitéit "Wirtschafts- a Finanzkriminalitéit" op den Terrain geschéckt ginn an dat wier net néideg. Hie wier doriwwer leschten Donneschdeg am Comité d‘accompagnement vum Policedirekter Schrantz informéiert ginn an hätt direkt gesot, dass dës Beamte misste zeréckgezunn ginn. Et misst een dobäi soen, dass déi 1291 Affäre vun där d'Procureure générale an hirem Bréif schwätzt, net vun Enn Januar bis elo opkomm wieren, mee scho méi laang zeréckginn, sou de Léon Gloden. Hie wier awer absolut mat der Martine Solovieff d'accord, dass et u Leit feelt an dofir hätt hien Instruktioune ginn, fir déi nächst Rekrutéierungswell vun 160 op 200 Policekandidaten eropzesetzen an och fir méi präzis ze ginn an den Annoncen. Zum Beispill soll präziséiert ginn, wann no spezifesche Leit gesicht gëtt, zum Beispill 10 Beamte fir d'Sektioun Blanchiment, fir dass sech och do spezifesch Leit kënne mellen.
Bilan vum Heescheverbuet
An den éischte 5 Woche wieren 438 Leit kontrolléiert ginn a just zwou juristesch Prozedure wieren doraus ervirgaangen, huet d'Procureure générale an hirem Bréif kritiséiert. De Léon Gloden nuancéiert a seet, donieft wieren och 5 Procès-verbauxe gemaach gi wéinst illegalem Glécksspill, 61 Mol wier Gebrauch gemaach gi vum Platzverweis, 5 PVe wiere gemaach gi wéinst illegaler Migratioun an 2 PVe wéinst organiséierter Heescherei. A grad dat géing jo och weisen, dass just déi organiséiert Heescherei viséiert wier, sou de Léon Gloden.
Wei geet et viru mam Heescheverbuet um Terrain?
D'Justizministesch géing fir juristesch Kloerheet suergen an eng Rei "altertümlich" Infraktiounen aus dem Code pénal eraushuelen an och Kloerheet schafen, wat de Verbuet vun der Heescherei ugeet. An hie selwer wier derbäi, eng legal Basis ze schafen fir d'Policereglementer, well dës jo och mat der neier Verfassung evoluéiert hätten, sou de Léon Gloden.
Den Optrëtt an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" vum CSV-Inneminister Gloden huet him bei der Oppositioun schaarf Kritik abruecht. den Artikel dozou fannt Dir hei:
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.