Keng Juegd op Fuuss a Wollef zu Lëtzebuerg
Den neien Ëmweltminister léisst sech vun Europa net ënner Drock setzen, op Haff Réimech kënnt awer eng Fal géint d'Wëllschwäin an den Asaz.
Den neien Ëmweltminister léisst d'Fanger ewech vum Fuuss. D'positiv Fäll vu Fuussebandwuerm wieren nämlech erofgaangen. Goufen 2016 nach 29 Fiiss positiv getest, sinn et der elo just nach 4 an dofir geséich ee kee Grond, d'Juegd op de Renert nees opzemaachen. Och de Wollef ass den Ament bei eis nach sécher.
Lëtzebuerg ass net Deel vun der europäescher Anti-Wollef-Stréimung. D'Regierung huet net wëlles, d'Juegd op de Fuuss nees opzemaachen. Wéinst der Iwwerpopulatioun vu Wëllschwäin am Naturschutzgebitt Haff-Réimech wäert d'Naturverwaltung mat Fale schaffen. Dräi kloer Aussoe vum neien Ëmweltminister, deen no enger éischter Reunioun mat der Jeeërfederatioun vun enger gewollt gudder Zesummenaarbecht schwätzt.
Dass de Jeeër eng wichteg Roll am Naturschutz spillt, hunn och d'Regierunge virdrun ëmmer nees betount – iwwer d'Moyenen, déi e Juegdhär huet, respektiv brauch, fir d'Wëldpopulatioun erofzedrécken, ass ee sech awer nach ëmmer net eens. Wéi den aktuelle Chef am Ministère sech d'Juegd vu muer an d'Aarbecht vum Jeeër um Terrain virstellt, wäert um nächste Jeeërkongress mat Sécherheet fir Diskussioune suergen.
Vu Falen halen eis Jeeër awer näischt. Net just déi, déi hir Juegdlousen iwwert de Weieren zu Rëmerschen leien hunn. Hir Iddi, fir d'Wëldschied an de Wéngerten erofzesetzen – d'Schwäin vun de Weieren ewech an erop an de Bësch dreiwen. Ma hei seet de Staat "Nee" a wäert, soubal de legale Kader steet, mat Falen op d'Wëll Sai goen.

Geschwë soll dat sinn an esou dacks wéi néideg, äntwert de Minister. Domadder géif een d'Déier am mannste stressen, manner wéi bei enger Dreifjuegd, weess hien. Sëtzen d'Wëllschwäin an der Fal, gi se vum Fierschter mat Revolver mat Schalldämpfer erschoss. Den Asaz: sou dacks wéi et muss sinn.
De Fuuss dann: Rumeuren, dass deen nees dierft gejot ginn, wieren effektiv just Rumeuren. D'Analysen op Fuussebandwuerm géingen der Regierung kee Grond ginn, d'Juegd op de Reenert nees opzemaachen. Si géife weisen, datt d'Fäll vum Fuussebandwuerm erofgoungen, zanter datt d'Juegd op d'Déier verbuede gouf, seet de Minister Wilmes.
Ze vill Wëld mécht d'Bëscher futti, d'Jeeër, déi haut schonn schonn net esouvill schéissen, wéi d'ANF dat gären hätt, musse vun elo un nach ronn 10% méi Wëld eliminéieren, ouni déi néideg Moyenen ze hunn, widderhëlt d'Federatioun.
Aktuell huet een, esou de Serge Wilmes, keng Problemer mam Wollef hei am Land. Sollt dat awer eng Kéier de Fall ginn, ass et nach ëmmer méiglech, fir eng Ausnamenautorisatioun ze ginn.
Ob de Wollef um nächste Kongress wäert en Thema sinn? Fir d'Gesellschaft ass hien op alle Fall e Sujet, dee polariséiert. Dass Lëtzebuerg sech hei vu Bréissel net drariede léisst, dierft awer esou muncher ee freeën.
D'Juegd op de Wollef ass en Thema och an den Europawalen. De Wäschbier, d'Nilgäns an de Kormoran ginn dofir ëmmer méi en Thema hei bei eis.