Asyldemandeur muss logéiert ginn, Regierung bleift bei Prinzip vu Waardelëscht
© RTL Archivbild
De Staat ass obligéiert, engem Asyldemandeur en Ënnerdaach ze sichen, sief et an enger staatlecher Struktur oder noutfalls och an engem Hotel.
Zanter Oktober kréie männlech Demandeure vun internationalem Schutz, déi eleng ënnerwee sinn, net méi d'office en Ënnerdaach zur Verfügung gestallt zu Lëtzebuerg, well d'Strukturen iwwerfëllt wieren.
D'asbl Passerell huet e Mëttwoch de Moien op e rezent Urteel als Suite vun enger Requête verwisen. D'Geriicht hätt zeréckbehalen, datt de concernéierte Mann soss physesch a psychesch Schied géing riskéieren.
Et wier e staarkt Signal am Sënn vun de Mënscherechter, sou d'Anke Vandereet, Chargée de mission droits humains vun der Associatioun Passerell.
"C'est une décision qui est vraiment importante, parce que c'est pour la première fois qu'un juge au Luxembourg dit que, en effet, il y a une vulnerabilité générale chez les demandeurs de protection internationale, qui implique qu'elles doivent être hébergés. Donc, c'est vraiment un signal très fort et très protecteur des droits humains de demandeurs de protection internationale et donc on est très content."
Ob dës Decisioun vum ONA am Aklang mam Gesetz ass, gouf nach net tranchéiert, ma de Mann muss awer bis dohi vum Staat ënnerbruecht ginn. Dat wier och elo geschitt, esou d'Associatioun Passerell, déi vun enger wichteger Decisioun am Sënn vun de Mënscherechter schwätzt. Schonn zanter Oktober, wéi den deemolegen LSAP-Ausseminister Jean Asselborn d'Decisioun geholl huet, net méi all d'Demandeure vun internationalem Schutz ënnerzebréngen, géingen et Prozedure viru Geriicht ginn, sou d'Anke Vandereet vu Passerell.
"Il y a eu des procédures déjà devant le tribunal administratif, mais qui s'était déclaré incompétent. Ensuite les avocats se sont retournés vers les juges civils, qui se sont encore déclarés incompétent et maintenant c'est le retour au juge administratif. Et donc c'est pour cela aussi que, finalement, on a perdu beaucoup de temps pour avoir une ordonnance dans ce sens-là, parce qu'il y avait ce problème d'incompétence."
Elo wier deemno kloer, wéi ee Riichter zoustänneg ass.
Familljeminister Max Hahn reagéiert
D'Waardelëscht wier aus der Nout agefouert ginn, well d'Strukture saturéiert waren, heescht et vum DP-Familljeminister Max Hahn. Et hätt een awer d'Kapazitéiten iwwert déi lescht Méint ausgebaut an d'Waardelëscht zum Deel ofgebaut. Stand d'lescht Woch wieren et nach 40 Demandeure vun internationalem Schutz gewiescht, déi net vum Staat ënnerbruecht waren.
"Vun Ufank un sinn et Prozesser ginn an Urteeler ginn. Dat heiten ass elo dat éischt Urteel, wat seet: ma d'Persoun muss hebergéiert ginn. Déi Persoun ass, an ech hunn Iech dat jo elo grad beschriwwen, am Moment ginn d'Waardelëschte gutt ofgeschafft, ass déi Persoun souwisou an enger ONA-Struktur, konnt se ënnerbruecht ginn, wat eisen Alldag ass am Ministère. Mäin Alldag ass, an dofir hunn ech op keen Urteel misste waarden, ass fir ze kucken, fir déi Waardelëscht do ofzeschafen."
De Max Hahn erënnert iwwerdeems drun, datt nëmme Männer, déi eleng ënnerwee sinn a schonn an engem anere Land an enger Prozedur sinn, op d'Waardelëscht kommen, sougenannten Dublin-Fäll. An den Aen vun der Associatioun Passerell ass et awer net richteg, deen Ënnerscheed ze maachen, esou d'Anke Vandereet.
"Tous les demandeurs de protection internationale ont le droit à un hébergement, c'est ce qui est prévu par la directive et la loi accueil. Il n'y a aucune distinction entre des personnes qui sont dans une procédure Dublin ou non. Donc, pour les personnes qui sont déjà passées par un autre pays ou qui auraient fait une demande dans un autre pays, qui sont dans la procédure Dublin, ce sont exactement les mêmes droits qui s'appliquent, par rapport à ça."
D'Geriicht hätt och eng allgemeng Vulnerabilitéit festgestallt. D'Asyldemandeure misste Passerell no all d'selwecht hebergéiert ginn, dat a Strukturen, déi un hir Besoinen adaptéiert sinn.