Ëmweltorganisatioune kritiséieren nei Haltung vum Premier Frieden
Eng parlamentaresch Fro wëll da wëssen, ob de Premier déi nei Positioun vu Lëtzebuerg och mat de Membere vum Regierungsrot ofgeschwat hätt.
Ëmweltorganisatioune kritiséieren déi nei Haltung vun der Regierung géigeniwwer der Atomenergie a schwätze vun engem Tabubroch. Den CSV-Premier Luc Frieden hat nom Atom-Sommet zu Bréissel iwwerraschend erkläert, et wéilt een déi Fro net ideologesch, ma "zukunftsorientéiert" ugoen. Al Atomzentrale sollen zougemaach ginn, awer an d'Fuerschung investéiert ginn.
Et wier een erféiert iwwert d'Aussoe vum Luc Frieden, sou d'Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber. "Wann et ee Land gëtt, wat wierklech eng laang Traditioun huet géint Atomkraaft, wou d'Gesellschaft am Konsens dohannert steet, wou Gemengen dohannert stinn, wou bis elo all Regierungen zënter Rëmerschen, mat Atomkraaftwierker Rëmerschen en Unisono gesot hunn: 'Mir wëlle keng Atomkraaft'. Wann de Luc Frieden elo dee Konsens do an där Aart a Weis dann awer a Fro stellt, da fanne mir dat absolutt inakzeptabel an eng ganz, ganz schlecht Stoussrichtung vun dëser neier Regierung. Wann et dann e Regierungsbeschloss ass an net nëmmen ee vum Här Frieden."
Dorunner zweiwelt d'Ëmweltorganisatioun, well den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes en Donneschdeg um Kongress vum Mouvement Écologique nach eppes anescht gesot hätt. "Den Här Wilmes hat den Här Fridden nach net héieren an den Här Wilmes sot ganz kloer: 'Jo, dës Regierung steet zu der Demarche vun de Virgängerregierungen: Neen zu Atomkraaft'. Dat huet den Här Wilmes bei eis gesot."
D'Energietransitioun wier elo néideg, dofir wier et besser, Suen an erneierbar Energien z'investéieren, déi elo prett wieren, am Plaz an d'Fuerschung fir Atomkraaft, esou d'Blanche Weber vum Mouvement Écologique. De Roger Spautz, zoustänneg fir d'Atom-Campagne bei Greenpeace Lëtzebuerg, gesäit dat och esou.
"Et gëtt schonn zënter 30, 40, 50 Joer Fuerschung bedriwwent ginn, massiv Gelder sinn, am Fong geholl verschwent ginn an d'Fuerschung vun neie Reakteren, de sougenannte Reaktere vun der véierter Generatioun, wou nach ëmmer keng Resultater do sinn. Dat heescht, do kann ee ganz kloer soen, dass déi Gelder iwwert déi lescht Joren verschwent gi sinn an dass et besser wär, fir an Alternativ Technologien ze investéieren."
Europa géing och net méi onofhängeg ginn duerch en Ausbau vun der Atomenergie, esou de Roger Spautz, well e groussen Deel vum Uran aus Russland an aus dem Kasachstan géing importéiert ginn.
An enger parlamentarescher Fro wëllen d'Corine Cahen a Barbara Agostino dann elo och vum Premierminister a vum Ëmweltminister wëssen, wéi d'Aussoe vum Luc Frieden um Sommet ze verstoe sinn. D'DP-Deputéiert froen hei ënnert anerem, wat d'Sécherheet vun der Populatioun a vun der Zukunft mat Ideologie ze doen hätt an ob déi nei Positioun am Regierungsrot beschwat gi wier.