Lëtzebuerg wëll Atomenergie net ideologesch, mä zukunftsorientéiert ugoen
Dat ass d'Conclusioun, déi nom éischte globalen Atom-Sommet zu Bréissel ze zéien ass.
Fir déi eng féiert kee Wee dolaanscht, fir déi aner ass d'Nuklearenergie den Holzwee. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen sot, datt d'Nuklearenergie eng wichteg Roll géing spillen, fir d'Klimaziler ze erreechen, fir Energiesécherheet ze assuréieren a fir kompetitiv ze bleiwen.
Nom globalen Nuklear-Sommet zu Bréissel ass op alle Fall kloer: D'Atomenergie wäert ausgebaut ginn.
Och Lëtzebuerg nuancéiert e bëssen seng Positioun
Lëtzebuerg war net um Atom-Sommet present, well et keen Atomprogramm huet.
D'Regierung wëll erneierbar Energie fërderen a se plädéiert fir d'Fermeture vu Risiko-Atomzentralen am noen Ausland. Dobäi soll et bleiwen. Allerdéngs wëll een den Dossier anescht ugoe wéi d'Virgänger-Regierung, sou de Premier Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen. A punkto Technologie wier een oppen:
"Mir wäerten zu Lëtzebuerg keen Atomkraaftwierk bauen. Dat versteet sech vum selwe wéinst der Gréisst vun eisem Territoire. Mä mir schreiwen net anere vir, wéi si vun der fossiller Energie ewechkommen op aner Energien. Mir fannen och, datt ee muss Nuklear-Fuerschung ënnerstëtzen."
Et géing een d'Thema Atomenergie net ideologesch ugoen, mä zukunftsorientéiert.
Aussoen, déi vun de Grénge kritiséiert ginn. Wie wierklech Technologie-oppe wéilt sinn, misst d’Aen opmaachen an d'Abberzuel u Méiglechkeeten erkennen, déi ëmweltfrëndlech an nohalteg nei Energië bidden, heescht et an engem Schreiwes.
D'DP hätt sech an hirem Walprogramm och kloer géint d’Atomkraaft ausgeschwat. Dat géif sech deemno elo net méi an der Regierungspolitik erëmspigelen, sou déi Gréng.
Nuklear-Sommet: Wat ass dat?
Spëtzepolitiker drécke sech dëser Deeg zu Bréissel d'Klensch an de Grapp. En Donneschdeg a Freideg sinn am Europaquartier déi 27 Staats- a Regierungscheffe fir en EU-Conseil beieneen. Do dernieft gëtt et an der belscher Haaptstad en aussergewéinlecht Risenevenement.
Um éischte globalen Nuklearsommet gi sech honnerten Energie-Experte Rendez-vous an den Expo-Halen zu Heyzel, op Invitatioun vun der belscher Regierung a vun der internationaler Atom-Agence.
Um Ordre du Jour steet näischt anescht wéi déi generell global Zukunft vun der Atomenergie. 300 Delegatioune vun der ganzer Welt sinn ugemellt, dorënner eng Partie Staats- a Regierungscheffen, Experten aus der Energie an Industrie. Dëst Evenement war op der leschter Klimakonferenz an de Vereenten Arabeschen Emiraten decidéiert ginn.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen sot en Donneschdeg, datt d'Nuklearenergie eng wichteg Roll géing spillen, fir d'Klimaziler ze erreechen, fir Energiesécherheet ze assuréieren a fir kompetitiv ze bleiwen. Si verlaangt awer Disziplin vum Secteur.
Dem Zenario vun der IAEA no soll d'Atomenergie bis 2050 op d'mannst verduebelt ginn. En Donneschdeg géinge keng Decisioune geholl ginn, well déi wiere scho geholl. D‘Atomenergie wier scho relancéiert, sot um Sommet de Rafael Mariano Grossi, Direkter vun der internationaler Atom-Agence. Nieft neie Projete sollen d'Lafzäite vun aktuellen Zentrale verlängert ginn. D‘Atomenergie wier awer natierlech net déi eenzeg Piste, sou den Direkter Grossi.
Kritiker fäerten, datt mat dëser Konferenz déi grouss Renaissance vun der Atomenergie kënnt, respektiv weider gedriwwe soll ginn. De franséische President Emmanuel Macron hat sech op der genannter Klimakonferenz op alle Fall fir d'Nuklearenergie staark gemaach:
"Nuklearenergie ass eng propper Energie! Dat soll ee rappelléieren. Den IPCC seet, datt se véier Mol manner carbon-intensiv ass wéi Gas an equivalent zum Wand Nuklearenergie ass och stabel an et kann ee se steieren. Si ass de perfekte Complément zu erneierbaren Energien."
EU-Sommet: Wat steet nach um Programm?
An der belscher Haaptstad ass en Donneschdeg an e Freideg och de Sommet vun de 27 EU-Staats- a Regierungscheffen.
Am Justus-Lipsus-Gebai stinn ënner anerem d'Ënnerstëtzung fir d'Ukrain, d'Lag am Noen Osten, d'Migratioun, d'EU-Erweiderung an de Sujet Landwirtschaft um Programm. Fir Lëtzebuerg ass de Premier Luc Frieden present.
Eng Fro, déi sech stellt ass déi, wéi Zënsen op blockéierte russesche Gelder kënne genotzt ginn, fir der Ukrain ze hëllefen.
Den däitsche Kanzler Olaf Scholz:
"Do geet et ëm Rendementen, déi kengem zoustinn an dowéinst vun der EU kënne genotzt ginn. Aus menger Siicht kënne se genotzt ginn, fir der Ukrain d'Méiglechkeet ze ginn, fir Waffen ze kafen, déi se fir hir Verdeedegung brauch."
Aner Sujete sinn:
D'Lag am Noen Osten, d'Migratioun souwéi d'Landwirtschaft an a punkto EU-Erweiderung sollen d'Verhandlunge mat Bosnien opgeholl ginn.
Um Bord vum Conseil européen gëtt et nach e Sommet vun der Eurozon, wou et notamment ëm d'europäesch Kapitalmäert geet.
Am Europaquartier dierft et wéi gewinnt e laangen Owend ginn.