Bei engem Sécherheetsprobleem hätt de Produzent d'Pneue missen zeréckzéien

© RTL-Grafik
Goodyearspneue waren iwwer fënnef Joer an honnerten Incidenter an zum Deel déidleche Camionsaccidenter verwéckelt.
Goodyear hätt missen e Sécherheetsrappel vu senge Camionspneue maachen, amplaz e fräiwëllegen Austauschprogramm – dat war de Virworf an enger Serie vun Artikelen an der franséischer Dageszeitung "Le Monde" elo viru Kuerzem. Dat, well d'Camionspneuen aus dem Lëtzebuerger Wierk vu Goodyear en Defaut gehat hätten.
Goodyear hat wéinst deene Pneuen 2013 mam Ilnas, dem "Lëtzebuerger Institut fir Normaliséierung, Akkreditéierung an d'Sécherheet vu Produiten a Servicen" Kontakt opgeholl. Ma wien do wéi, wou, wat hätt missen an dierfe maachen, dobäi gëtt esou Munches ze zortéieren, och well d'EU-Reglementatioun iwwert déi generell Produitssécherheet réischt 2020 koum.
Den Direkter vum Ilnas, de Jean-Marie Reiff, ass awer ganz formell:
"Zu där Zäit, wann do e Sécherheetsprobleem gewiescht wier a si Feeler gemaach hätten an der Produktioun, da wier et an der Responsabilitéit gewiescht vum Hiersteller, dee Produit zeréckzezéien."
Dofir géif et national Gesetzer. Ma hie preziséiert awer och, datt den Ilnas deemools am Fong just fir d'Maartiwwerwaachung vun de Konsumenteproduiten zoustänneg war - also net fir Camionspneuen, fir déi et keng spezifesch Reglementatioun gouf. An esou gouf et him no och keng Rapex-Prozedur, déi Zort europäesch Rappeller, wéi se fir Konsumenteproduite schonn existéiert huet. Goodyear hätt awer en Uspriechpartner gesicht, wéi de Claude Liesch vum Ilnas preziséiert.
"Mir si vum Hiersteller approchéiert ginn, deen eis selwer e Probleem matgedeelt huet, wou en dann och mat enger Action corrective eis informéiert huet."
D'Action corrective war de fräiwëllege Programm d'échange fir d'Pneuen, ënnert der Iwwerschrëft vun der Clientssatisfactioun. "Dat hu mir dann deemools als consciencieux ugesinn." Tëscht 2013 an 2017 gouf et eng Rei Reuniounen an Echangen iwwert deen Austauschprogramm tëscht Goodyear an dem Ilnas.
"Et gouf da gesot, jo, do war e Probleem mat dräi Camionen an da war en Ausdrock hannendrun, mir wëssen awer net, ob et Goodyearspneue waren, t'ass nach eng Analys um lafen an dann hannendru koum, jo bei engem war et awer e Goodyearspneu, awer mir wëssen d'Ursaach net. An esou sinn dann iwwert déi Joren ëmmer erëm Informatiounen dobäi komm", esou de Jean-Marie Reiff.
An deem dote spezifesche Fall, wou et Doudesaffer gouf, hat en Expert d'Accident schonn am Hierscht 2014 op e Feeler um Pneu zeréckgefouert. Dat wosst Goodyear. Ma hu si dem Ilnas dat gesot?
"Nee, nee, natierlech net", seet de Jean-Marie Reiff. Amplaz huet Goodyear vu Konditioune geschwat. "...Net genuch opgeblosen, ze al, ze waarm dobaussen, wann de Camion ze laang stoung. A wa méi där Elementer zesummekommen, da kéint e platzen. Si hunn dat och alt zouginn, do war dann awer erëm e Probleem, awer statistesch maache mer eis awer keng Gedanken."
Goodyear huet dem Ilnas och Statistike geliwwert, iwwert de Progrès bei deem Austauschprogramm. Ma de Pouvoir, iergendeng vun deenen Informatiounen ze iwwerpréiwen, hat den Ilnas déi Zäit net a wosst och net vun den Doudesaffer. Haut wier dat anescht.
"Hautzedaags géif warscheinlech awer eng Rapex gemaach ginn, well hautzedaags deen Outil zur Verfügung steet. A mir géifen och drop bestoen, datt et iwwer dee Wee geet."
Zanter déi nei EU-Reegelen iwwert d'Sécherheet vun de Produiten - y inclus Camionspneuen - gëllen, huet Goodyear och scho Safety Alerts eraus ginn, wéi d’Rapexen zanterhier heeschen.