D'Handelskummer huet sech ewéi all 5 Joer nei op- oder zesummegesat.

Nodeems d'Cheffen a Vertrieder vun enger 100.000 Entreprisen tëscht November a Mäerz nei Membere gewielt hunn, war en Dënschdeg eng Assemblée constituante um Kierchbierg. Déi nei Assemblée huet - ouni grouss Iwwerraschung - de Fernand Ernster eng zweete Kéier als President designéiert. An zwar eestëmmeg. De Fernand Ernster war Ufank 2023 eng éischte Kéier President ginn, nodeems säi Virgänger de Luc Frieden Spëtzekandidat fir d'CSV gi war.

Vizepresidente sinn de Marc Lauer, d'Valérie Massin, d'Carole Muller an den Alain Rix.

De Wirtschaftsminister Lex Delles huet déi gutt Zesummenaarbecht mat der Chambre de Commerce wärend de Krisen an de leschte Jore begréisst a sech op eng weider gutt Zesummenaarbecht gefreet, notamment fir den Tissu économique ze festegen. Hien huet déi wichteg Roll vun der Handelskammer mat hiren Avisen am legislative Prozess ervirgestrach, mee awer och an der wirtschaftlecher Prospektioun oder nach an der Formatioun vun Entrepreneuren.

RTL

© François Aulner / RTL