Eng ganz Rei jonk Fraen a Meedercher werfen dem Lëtzebuerger DJ Se7en sexuell Handlunge géint hire Wëlle vir.

Grave Uschëllegunge géint Lëtzebuerger DJ / Reportage Michèle Sinner

Den Disc Jockey, deen op Partien a Baler Musek opleet a mixt, ass Uganks 30. Hien huet Uganks Mee selwer op senge Facebook- an Instagram-Konte reagéiert. Hie streit all Virwërf of.

Hie schreift ënnert anerem: "Et ass net an et wäert ni mäin Zil sinn, musse Leit, Meedercher a scho guer net Mannerjäreger wëllen op menge Shows an och insgesamt ofzefëllen a scho guer net ze mëssbrauchen." Ma hie schreift selwer och a senge Posts, datt et eng Geriichtsaffär géint hie géif ginn.

Datt den DJ Se7en sech esou ëffentlech rechtfäerdegt, huet domat ze dinn, datt sech an deene leschte Wochen a Méint an de Soziale Medien d’Virwërf géint hie geheeft hunn. An datt sech dowéinst och fréier DJ-Kolleegen op de sozialen Netzwierker vun him distanzéiert hunn an net méi wëlle mat him zesummeschaffen.
Eng vun de betraffene jonke Fraen huet RTL direkt kontaktéiert. Mir hunn antëscht mat e puer vu de presuméierten Affer geschwat. Ma och mat Zeien a mam Joé Mersch, engem anere jonken DJ, deen op sengem Instagram-Account Temoignage géint den DJ Se7en gesammelt an anonym publizéiert huet.
Beim Joé Mersch hätte sech ronn zéng Fraen a Meedercher gemellt, nodeems hien am Januar eng éischte Kéier an de soziale Medie virun engem DJ gewarnt huet, dee Meedercher sexuell géing belästegen a mëssbrauchen – ouni den DJ Se7en mam Numm ze nennen. Doropshin hätte sech direkt véier, fënnef Fraen bei him gemellt an him vu Virfäll mam DJ Seven erzielt. Hie seet: "Do huet ee scho fréi gemierkt: 'Okay, dat Ganzt ass net just en Eenzelfall, mee dat Ganzt entsprécht och virun allem engem Muster, wou een erkennt, datt tëscht deem Step vun der sexueller Belästegung, Vergewaltegung, oft den Alkohol kënnt a virun allem och eng Drocksituatioun express gemaach a gebaut gëtt.'"

Eleng op der Afterparty?

Dem Joé Mersch no hätten déi Fraen onofhängeg vuneneen änlech Situatioune beschriwwen. An dobäi wier et jeeweils ëm den DJ Se7en gaangen. Deen hätt säin Afloss als DJ mëssbraucht, d’Fraen a Meedercher manipuléiert, andeems hien hinne gesot hätt, si kéinte sech glécklech schätzen, mat engem bekannte Personnage wéi him ënnerwee ze sinn. An hien hätt si och alt mam Versprieche gelackelt, aner bekannte Leit ze begéinen. Hie seet:

"Wat een ëmmer nees an den Temoignagen ze liesen krut, war déi faméis Afterparty, wou angeeblech aner DJen a bekannte Persoune sollten sinn, wou een awer am Endeffekt just bei him doheem ass, eleng mat him a gedrängt gëtt, Alkohol ze drénken a mat him sexuell Handlungen duerchzeféieren. [...] Do gesäit ee schonn e ganz kloert Muster dran."

Op d'mannst zwou Plainten

RTL-Informatiounen no goufen op d’mannst zwou Plainte géint den DJ Se7en deposéiert. Eng wéinst sexuellem Mëssbrauch an eng aner wéinst Menacen an Erpressung mat Biller, déi géint de Wëlle vun der jonker Fra beim Sex gemaach gi wären. RTL huet och mat Zeie geschwat, deenen hir Erzielung mat där vun de verschiddene presuméierten Affer iwwereneestëmmt.

Nodeems de Joé Mersch Uganks Mee e puer Temoignagen vu presuméierten Affer op Instagram publizéiert huet, hunn och bei der Associatioun La voix des survivant(e)s bannent enger Woch dräi Frae wéinst dem DJ Se7en ugeklappt. D’Ana Pinto vun der Associatioun erkläert: "Do ass eng jonk Fra, déi sech gemellt huet, dat war, wéi hatt mannerjäreg war. An déi zwou aner Fraen, dat ware Fraen, déi iwwer 18 Joer waren. [...] An déi soen natierlech, hien hätt se mëssbraucht. Am Kontext vu Concerten a Partien dono."

Och si hätten erzielt, wéi de Se7en seng Bekanntheet als DJ ausgenotzt hätt. "D’Geschicht ass quasi ëmmer déi selwecht, an et wier bei Concerten, datt se sech dono getraff hunn, well se eebe Fan vun him  waren, an hien da vu senger Notorietéit profitéiert huet. Datt hie si ugepaakt huet. Si fille sech natierlech schëlleg, well se da mat him matgaange sinn an hien huet si da forcéiert zu Saachen, déi si eben net wollten."

Den DJ Se7en huet zu Lëtzebuerg op grousse Festivalle wéi dem Luxembourg Open Air an dem Open Air Hosingen geschafft a reegelméisseg a bekannte Clubs an Diskoen opgeluecht. Datt hien als fräie Mataarbechter eng Sendung op Eldoradio hat, huet dem Se7en säi Bekanntheetsgrad beim jonke Public gesteigert. Eldoradio huet Uganks Mee decidéiert, déi Sendung an d'Zesummenaarbecht auszesetzen.

Och vun de Fraen, déi sech bei der Voix des survivantes gemellt hunn, hätt eng scho Plainte gemaach, esou d’Ana Pinto. Si an hir Kolleegin Liz Mathay encouragéieren déi aner zwou Fraen, dat nämmlecht ze maachen, obwuel et an esou Fäll seelen zu Condamnatioune kënnt, wéi d’Ana Pinto bedauert. Dat, well dacks d’Preuve feelen: “Mee an deem selwechte Saz soen ech awer och, wann dann awer ee Joer méi spéit dann eppes erëm esou geschitt oder et mellt sech erëm en anere mat der genee selwechter Geschicht, sou wéi beim DJ Se7en hei, da gesäit déi Saach awer scho ganz anescht aus, well da seet e Riichter: Jo okay, do ass e Fall, do ass e Fall, et ass quasi ëmmer déi selwechten Prozedur, do muss awer eppes sinn. An dann denken ech mer, datt se da reagéieren.”

Et ass bal absurd, wéi d’Liz Mathay et erkläert: “Wa vill Leit Affer sinn, leider, a vill Leit sech dann trauen, dat ze soen, dann huet een 'd'Chance', datt dat de Fall ass. Mä et ka jo net sinn, datt ee muss hoffen, datt een e Widderhuelungstäter ass, datt deen dofir da condamnéiert gëtt.”

Scho virun iwwer zéng Joer gouf et eng Plainte

Ma offensichtlech gouf et scho viru méi ewéi zéng Joer ganz änlech Virwërf géint de DJ Se7en. Am November 2013 huet de Parquet vun Dikrech en Non-lieu ugefrot, no enger Instruktioun wéinst Viol: "(…) l’instruction n’a pas révélé de charges suffisantes (…)" . Dës Informatioun huet den DJ Se7en op sengem Facebook-Account selwer publizéiert, fir ze beleeën, datt hie sech näischt virzewerfen hätt, ma huet dëst Dokument antëscht nees geläscht. Dat heescht, datt deemools net genuch Preuven do waren, fir e Prozess ze maachen. Anescht wéi bei engem Fräisproch, kann awer bei engem Non-lieu eng Affär nach emol opgerullt ginn, wann nei Elementer optauchen.

Den DJ Se7en ass awer de Moment weder ugeklot, nach verurteelt. An deemno gëllt fir hien d'Présomption d'innoncence. RTL huet och beim DJ Se7en eng Reaktioun gefrot, him d’Méiglechkeet ginn, sech zu de Virwërf ze äusseren a Stellung ze huelen. Doropshin huet säin Affekot schrëftlech matgedeelt, dat wier wéinst dem Secret de l'instruction net méiglech. Dorun ass säi Mandant zwar net gebonnen. Ma domat confirméiert den Affekot awer, datt eng Instruktioun géint den DJ Se7en amgaangen ass.

Gesetzer zu Lëtzebuerg nogebessert

Fir datt een eng Plainte mécht, muss ee sech awer als alleréischt emol bewosst sinn, datt engem Onrecht geschitt ass, an datt een als Affer net an der Schold ass.

Dat lescht Joer goufen d’Gesetzer zu sexuellen Iwwergrëff a Vergewaltegung zu Lëtzebuerg nogebessert a verschäerft. Dobäi gouf de Consentement, also d’Zoustëmmung am Gesetz definéiert. Zanterhier gëllt e sexuellen Akt ouni Zoustëmmung als atteinte à l’intégrité sexuelle. Déi ass och strofbar, wann d’Affer net an engem Zoustand ass, fir seng Zoustëmmung, säi Consentement ze ginn. Wann ee sech net wiert, kann dat dem neie Gesetz no net als Zoustëmmung gëllen. Déi Zoustëmmung kann och wärend dem Rapport zréckgezu ginn.

Dobäi gouf och d’Definitioun vun der Vergewaltegung iwwerschafft. All Penetratioun, egal op vaginal, anal oder oral ouni Consentement, sief et mam Geschlechtsdeel, engem Objet oder de Fanger, gëllt als Vergewaltegung, dat och, wann d’Affer net méi capabel ass, seng Zoustëmmung ze ginn oder sech net wiert.
Liz Mathay dréckt dat esou aus: “Och als Fra huet een d'Recht, sech esou ze bedrénken, dass een net méi weess, wou ënnen an uewen ass, mä dofir huet keen d'Recht, een ze mëssbrauchen oder unzepaken oder auszenotzen.”